Wann hinnen dat geléngt, géif d‘Hoffnung bestoen, d‘Feier ënner Kontroll ze bréngen, heescht et. Well de Buedem zu engem groussen Deel aus Torf besteet, kéint et Wochen oder Méint daueren, bis d‘Feier komplett geläscht ass.
Gëschter hat et an der Regioun gereent. Haut ass nees dréchent Wieder gemellt.
Den Damp vum Feier ass honnert Kilometer wäit bis op Köln gezunn.
Wat d‘Loftverschnmotzung an der Belsch ugeet huet RTBF gemellt: An der Wallonie hätt et e Sonndeg schon eng ganz héich Konzentratioun mat Fäistëbs an der Loft ginn, mee et wier kee Warnmessage iwwer BE-Alert verschéckt ginn.