D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas hat de Moie kuerz virum Ufank vun der Reunioun op dem US-President Donald Trump seng iwwerraschend Annonce vun enger Energie-Waffepaus tëschent Kiew a Moskau reagéiert.
Esoubal de Waffestëllstand hält, dee géigesäiteg Attacken op d’Energieinfrastrukturen an der Ukrain an a Russland betrëfft, wäert d’EU deen ënnerstëtzen, esou d'Kaja Kallas.
Méi Drock op Russland zesumme mat den USA
Et géif een esou eng Waffepaus begréissen, sollt et se da ginn. Allerdéngs hätt een nach net d’Gewëssheet, datt Russland sech dorun hält, esou d’EU-Chefdiplomatin. Op d’Fro hin, ob d’USA nach ëmmer e Partner wieren, huet d’Kaja Kallas geäntwert, d'USA wieren nach ëmmer dee gréissten Alliéierten.
"Mee eise Message ass kloer: Wa mir dëse Krich stoppe wëllen, ass den eenzege Wee dofir, méi Drock op Russland auszeüben. A mir géifen d’USA dozou opruffen, d’Sanktiounen ëmzesetzen, fir datt mir dëse Krich zu Enn bruecht kréien. All dës Auswierkungen vun den Attacken op Raffinerië wieren net do a si wieren net néideg, wann de Krich eriwwer wier."
Wat dem Donald Trump seng Ausso ugeet, datt et un der Zäit fir Neiwalen an der Ukrain wier, sot d’EU-Aussebeoptraagt, datt ee wärend engem Krich keng Wale kéint hunn. Si wier awer dovun iwwerzeegt, datt wann een Drock ausüübt, esou datt Russland de Krich stoppt, et an der Ukrain och zu Wale wäert kommen.