EU-Sanktiounslëscht

Kritik un der EU-Decisioun iwwer déi russesch Oligarche Fridman an Ousmanov

D’Sträiche vun zwee russeschen Oligarche vun der Lëscht vun den EU-Sanktiounen géif déi europäesch Sanktiounspolitik ofschwächen, seet de letteschen EU-Deputéierten Ivars Ijabs. Lettland, Litauen an Estland huelen elo eege Sanktiounen an hoffen, datt aner Länner dat och maachen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Michail Fridman | © LetterOne Group play_arrow
Michail Fridman (Foto: LetterOne Group)

Et gëtt Kritik un der Decisioun, zwee russesch Oligarche vun der Lëscht vun den europäesche Sanktioune géint Russland erofzehuelen. Lëtzebuerg hat sech jo dofir agesat, de Geschäftsmann Michail Fridman, deen de Grand-Duché op Schuedenersatz verklot huet, vun där Lëscht ze sträichen.

Letteschen EU-Deputéierten Ivars Ijab: "Ënnerwanderung vun der EU-Sanktiounspolitik" 

Et wier net genee bekannt, wéi déi Verhandlungen iwwer d’Sanktiounen ënner de Memberlänner ofgelaf sinn. Eent steet fir den Europadeputéierten Ivars Ijabs fest: De Fait, datt elo zwee russesch Oligarche vun der Lëscht erofgeholl goufen, ënnerwandert déi europäesch Sanktiounspolitik, esou de lettesche Liberalen.

"Russland hält net op, Drock ze maachen, fir datt d’Ukrain kapituléiert. Dowéinst däerfe mir et einfach net zouloossen, datt eis Mesuren elo op déi Aart a Weis ofgeschwächt ginn."

Net "dat grousst Bild aus den Aen verléieren" 

Déi Oligarche wieren net just "räich Leit mat Relatiounen". Ganz dacks géife si ënner dem Afloss vu Moskau agéieren a si sollten och esou behandelt ginn.

"Verschidde Länner sollten net just driwwer schwätzen, wéi gëeent ee géint dem Putin seng Aggressioun an der Ukrain ass, mee och déi néideg Schrëtt huelen, fir ze verhënneren, datt esou moralesch verwerflech Saachen net geschéien."

De Bezuch zur legaler Prozedur, déi de Michail Fridman géint Lëtzebuerg lancéiert huet, léisst de lettesche Liberalen net als Grond fir d’Sträiche vun der Lëscht gëllen.

"Et ass net sécher, ob den Här Fridman seng Plainte oprechterhält. Et kann ee verschidde legal Argumenter an d’Feld féieren, mee et sollt een net dat grousst Bild aus den Ae verléieren."

Ee Bild, dat weist, datt op där anerer Säit den Aggressor all Moyenen asetzt fir d’EU dovun ofzebréngen, d’Ukrain ze ënnerstëtzen.

De letteschen Europadeputéierten Ivars Ijab | © European Union
De letteschen Europadeputéierten Ivars Ijab (Foto: European Union)

Fridman an Ourmanov op nationalem Niveau weider sanktionéiert 

Déi baltesch Länner hunn decidéiert, op nationalem Niveau Sanktioune géint déi zwee Oligarchen ze huelen. Den Ivars Ijab hofft elo, datt aner Länner dat och maachen. Doriwwer eraus misste weider Leit op déi Sanktiounslëscht gesat ginn.

"Virun allem Leit aus der Arméi, déi u militäreschen Aktioune géint d’Ukrain bedeelegt waren, sollten op d'mannst kee Schengevisa méi kréien. Et ass eng Schan, datt dat nach net geschitt ass." 

Datt zum Beispill Leit, déi um Krich bedeelegt waren, bei eis an d’Vakanz kommen, wier eng grouss Schan.

Méi ee restriktiven Ëmgang mat Touristevisaen

D’Zuel vun de russesche Visaen ass effektiv an de leschte Joren nees an d’Luucht gaangen. Dat geet aus de Statistiken iwwer Schengevisaen ervir, déi d’Europäesch Kommissioun reegelméisseg publizéiert.

2025 goufen an der ganzer EU eppes iwwer 600.000 Visaen erausginn. Dat sinn der däitlech méi wéi dat Joer virdrun.

Déi meescht dovu waren Touristevisaen. Russland stoung op der véierter Plaz vun de Länner, un déi Visae goungen. Virun allem Frankräich, Italien a Spuenie gehéieren zu deene Länner, déi nees méi Visaen accordéiert hunn.

Och zu Lëtzebuerg nees liicht méi Visae fir russesch Bierger:innen 

Och zu Lëtzebuerg sinn d’Zuelen nees liicht an d’Luucht gaangen. 2025 goufen dem Ausseministère no 1.110 Visae fir Leit aus Russland erausginn, am Joer virdru waren et der 906. Virum Ufank vum Krich an der Ukrain louch déi Zuel bei ronn 3.000. 

D’EU-Länner misste méi restriktiv virgoen, haten e Méindeg verschidden Defenseministeren op hirer Reunioun zu Bréissel festgehalen. Dat wier "ëmstridden, awer néideg", esou zum Beispill de schweedesche Defense Minister Pal Jonson.

Datt zwee Oligarche vun der Sanktiounslëscht erofgeholl goufen, gouf och vun der EU-Chefdiplomatin bedauert. 

"Et ass ze bedaueren, datt dat dat decidéiert gouf."

Et misst ee sech awer op dat Positiivt konzentréieren, esou d’Kaja Kallas.

Ëmmerhi wieren 2.998 Persounen elo fir dräi Joer sanktionéiert, a fir déi erofzehuelen, missten déi 27 EU-Länner sech eens sinn. Fir de Rescht géif een un dru schaffen, weider Persounen ze sanktionéieren. Dat brauch Zäit, esou d’Kaja Kallas, well ee sécher misst sinn, dat déi Fäll och viru Geriicht duerhalen. 

Eng Ongewëssheet wäert do awer ëmmer bleiwen. Eppes, wat Lëtzebuerg ganz offensichtlech zimmlech beandrockt huet.

Lauschterenplay_arrow