Doduerch soll den Drock op déi héich Spritpräisser reduzéiert ginn. D’G7-Länner hu sech och dorop gëeenegt, ënnertenee keng Exportrestriktioune fir Diesel a Pëtrol anzeféieren.
Si géifen och net ausschléissen an Zukunft doriwwer ze schwätze fir weider Reserve fräi ze ginn.
EU-Kommissioun géint en amerikanescht Exportverbuet
D’Fräigab vun de Reserve soll vun der Internationaler Energieagence koordinéiert ginn.
De Moien hat sech d‘EU-Kommissioun kloer géint ee méiglecht amerikanesch Exportverbuet fir Diesel ausgeschwat. Esou eng Mesure géif d'Vertrauen an d'USA als zouverlässege Partner zerstéieren, heescht et vun engem porte-parole vun der EU-Kommissioun.
Lëtzebuerg bei Krisesëtzung vun EU-Kommissioun dobäi
D’USA haten domat gedreet, hir Spritexporter an d’EU ze stoppen. Hannergrond sinn déi staark geklomme Spritpräisser wéinst de Kricher am Noen a Mëttleren Osten. D'USA haten déi europäesch Länner opgefuerdert, Diesel aus hire strategesche Reserven op de Marché ze bréngen.
D‘EU Staaten haten haut eng Urgence-Konferenz wéinst der amerikanescher Droung. Och Lëtzebuerg war bei där Krisesëtzung duerch Representante vum Wirtschaftsministère vertrueden a géif d‘Situatioun weider iwwerwaachen, wéi de Ministère op eis Nofro hi confirméiert huet.