Hie géif sech vum US-President am Stach gelooss fillen, wärend Russland d‘Attacken op d‘Ukrain intensivéiere géif, sot den ukrainesche President.
De russeschen Ausseminister Sergei Lawrow huet dem Wolodymyr Selenskyj seng Äusserungen als direkten Affront vis-à-vis vum Donald Trump bezeechent. Aus dem Kreml huet et geheescht, Kiew géif géint d‘Friddensbestriewunge vun den USA handelen.
Russland huet iwwerdeems an de leschten Deeg d'Ukrain weiderhi massiv mat Dronen ugegraff.
EU verteidegt déi ukrainesch Ugrëff
D‘EU begréisst iwwerdeems déi ukrainesch Attacken op russesch Raffinerien. Moskau géif mam Pëtrol de Krich bezuelen, sot d‘EU-Aussebeoptraagte Kaja Kallas um Bord vum EU-Sommet.
Dofir wier et de richtege Wee Russland d'Finanzéierung vun deem Krich ofzeschneiden, esou nach déi fréier estnesch Regierungscheffin.
Starlink misst funktional bleiwen
Dat fir d'Ukrain militärescht wichtegt Satelittsystem Starlink gouf dem Wolodymr Selenskyj no gedrosselt. Dat wier Absicht gewiescht, esou den ukrainesche President.
Iwwer de militäreschen Deel dovu géif awer d'US-Militär bedéngen, esou den Tech-Milliardär Elon Musk, deem Starlink gehéiert.
Déi dänesch Premierministesch Mette Fredriksen kritiséiert dëse Schrëtt schaarf.
"Ech fannen net, datt se e sollen ofschalten. Weell mir sinn net an der Lag Europa ze schützen, wa se en ausmaachen. Also wa se d'NATO, an Europa schütze wëllen, muss en opbleiwen."
Den éisträichesche Bundeskanzler Christian Stocker sot dëst wier ee schlecht Zeeche fir d’Sécherheet vun der Ukrain a vun Europa.
"Es zeigt sich einmal mehr, dass es sehr gefährlich ist, wenn Aufklärungsdaten nicht in eigener Hand liegen, nicht in europäischer Hand sind, und hier sieht man auch Versäumnisse aus der Vergangenheit."
De Premier Luc Frieden sot et géif ee weider am Dialog mat den USA bleiwen och wann een net all Entscheedung vum sengem Bündnispartner guttheesche géif.
USA fuerdere Selenskyj-Récktrëtt
Réischt dës Woch hat den US-President Nei-Walen an der Ukrain gefuerdert: Et wier Zäit fir en neie President, esou den Donald Trump. Och den Elon Musk huet op der Plattform X geschriwwen, datt et fir de Wolodymyr Selenskyj géif Zäit ginn zeréckzetrieden.
D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas betount, datt een Drock op Russland maache misst – net op d’Ukrain.
"Mir solle Russland dozou bréngen dee Krich opzehalen, an net d'Ukrain dozou bréngen opzeginn."
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass iwwerdeems haut zu Bréissel ukommen. Muer um zweeten Dag vum EU-Sommet wäert et ëm den europäesche Support fir d’Ukrain goen.