Hiewannen-Associatioun

Beim Opfänke vu Fraen no der Gebuert gëtt et zu Lëtzebuerg nach vill ze dinn

Et ass e Sujet iwwer deen net vill geschwat gëtt: D’Schwangerschaft an d’Zäit no der Gebuert si fir vill Fraen och mat grousse psychesche Belaaschtunge verbonnen. Dat ka vun extreemer Middegkeet an Ängschte bis zu schwéieren Depressiounen a Suizidgedanke goen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Der Weltgesondheetsorganisatioun no leit bal all fënneft Fra an der Zäit ronderëm eng Gebuert ënner psychesche Gesondheetsproblemer.

Mee wie betraff ass, weess hei am Land net ëmmer esou richteg, u wien e sech soll adresséieren: De psycheschen Encadrement ronderëm d’Gebuert ass nämlech hei am Land net esou wäit entwéckelt, wéi a verschiddenen Nopeschlänner. 

Keng Pauschale méi, mee geziilt hëllefen

Dat kritiséiert d’Associatioun vun den Hiewannen hei am Land a fuerdert, datt nogebessert gëtt. D’Vize-Presidentin vun der ALSF, d’Laure Baumann, seet am 100,7-Interview, datt et wichteg wier, datt an Zukunft net méi all Fra d’selwecht behandelt gëtt, mee datt all Fra déi Betreiung kritt, déi si wierklech brauch.

"Mir hunn aktuell Forfaiten, dat sinn esou Pauschalen, déi berechent ginn op zwou bis dräi Wochen, datt déi eigentlech ersat ginn duerch eenzel Visitten, datt d'Fraen Urecht hunn op déi Visitten doheem, déi si eigentlech brauchen."

Do kéint virun allem an der Preventioun nach villes gemaach ginn.

Et feelt u Strukturen

Donieft fuerdert d’Hiewannen-Associatioun och, datt hei am Land eng Struktur geschaaft gëtt, wou betraffe Fraen zesumme mat hirem Puppelche kënnen hospitaliséiert ginn.

"Wann et akut bei der Mamm ass, kann déi eleng an enger Psychiatrie hospitaliséiert ginn, wa Plaz ass. Et gëtt awer keng Mutter-Kind-Einrichtungen hei zu Lëtzebuerg an och fir an d'not Ausland ass dat ganz schwéier."

An Däitschland géifen et zwar esou Ariichtunge ginn, allerdéngs mat extreem laange Waardezäite vu bis zu engem Joer, erkläert d'Laure Baumann.

D'Politik lauschtert zwar no, mee handelt net wierklech

Den Hiewannen no misst séier gehandelt ginn. Mee wéi reagéiert d’Politik dann op dës Fuerderungen? 

"D'Politik huet ganz sécher oppen Oueren dofir. Dat Theema ass an de Soziale Medien a bei de Professionellen e grousst Theema. Mir hunn och Austausch och mat der Gesondheetsministesch scho gehat doriwwer."

An trotzdeem wier de Retour éischter schleefend. Weder bei den Tariffer, nach bei den Opfaangstrukturen hätten et bis ewell Verbesserunge ginn, seet d'Vize-Presidentin vun der Hiewannen-Associatioun.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Vizepresidentin vun ALSF