Weltdag mental Gesondheet

Psychotherapie: Ausgehandelt Mesurë leien zënter zwee Joer bei der CNS

Zënter zwee Joer waart d'Federatioun vun de Psychotherapeuten (FAPSYLUX) op eng Konventioun mat der Gesondheetskeess (CNS). Dës soll ënner anerem de Paiement immédiat direct fir Psychotherapien erméiglechen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Den Alain Massen | © Radio 100,7 play_arrow
Den Alain Massen (Foto: Radio 100,7)

D'Nofro fir psychotherapeutesch Hëllef zu Lëtzebuerg klëmmt iwwerdeems weider. 2025 krute ronn 17.400 Patienten eng Therapie rembourséiert – Tendenz steigend.

Zënter Februar 2023 gëtt d’Psychotherapie zu Lëtzebuerg vun der CNS rembourséiert

Eng Konventioun tëschent der Gesondheetskeess an der FAPSYLUX, déi de Kader fir d'Psychotherapie méi genee soll reegelen, ass awer bis haut net ënnerschriwwen.

Dobäi wier ee sech virun zwee Joer bei de Verhandlunge schonn iwwer déi meescht Punkten eens gewiescht, seet den Alain Massen, Psychotherapeut an Tresorier vun der FAPSYLUX. Zënterhier géif de Verband awer op eng Réckmeldung vun der CNS waarden.

“Elo ass et esou, dass säit zwee Joer am Fong eng negociéiert Konventioun um Dësch läit, déi ass bei d'Juriste vun der CNS gaangen. An elo, an deenen zwee Joer, hu mir awer kee Retour méi kritt. Och wa mir e puer Mol nogefrot hunn.”

PID nach ëmmer net agefouert

Bis datt den Dossier ofgeschloss ass, wëllt d’CNS sech nach net weider dozou äusseren. Dat war dës Woch géintiwwer RTL kommunikéiert ginn.

Well d’Konventioun nach ëmmer net duerch ass, gouf ënner anerem de Paiement immédiat direct fir Psychotherapien nach ëmmer net agefouert. D'Patiente mussen also weiderhin déi ganz Rechnung virstrecken

Dobäi huelen ëmmer méi Leit eng remboursabel Psychotherapie an Usproch, fir déi si also virdrun ee Rezept beim Dokter kritt hunn. Dat weisen déi neitsten Zuele vun der CNS: Waren et 2023 nach knapp 11.000 Patienten, esou waren et der 2025 scho ronn 17.400.

D'Zuel vun de rembourséierte Seancë geet däitlech an d'Luucht

Vun iwwer 62.000 am Joer 2023 op ronn 112.500 am Joer 2025. D'Ausgabe vun de Krankeversécherunge fir Psychotherapie sinn dobäi ëm zwou Milliounen Euro op knapp 12,9 Milliounen Euro geklommen.

Fir d'FAPSYLUX ass de Remboursement e wichtege Fortschrëtt. Mee besonnesch fir Leit mat engem klenge Revenu bleift den Zougang zu enger Therapie schwéier. Erwuessener kréie 70 Prozent vun de Käschten iwwerholl, Mannerjäreger 100 Prozent.

Bei engem Tarif vu ronn 162 Euro pro Seance bleiwe fir Erwuessener knapp 49 Euro aus der eegener Täsch ze bezuelen.

“Et sinn ëmmer nach Leit, déi kommen an déi soen, ech kann dat do awer net bezuelen, a souguer deen Deel, deen ech muss bäileeën, dat gëtt mir awer ze vill op mengem Budget, well ech mat engem Mindestloun liewen. An da sinn och op eemol 100 oder 150 Euro iwwer de Mount, déi ech muss bäileeën, da sinn dat awer ganz vill Suen.”

Den CNS-Zuelen no louch d’lescht Joer den duerchschnëttlechen Eegenundeel pro Patient op dat ganzt Joer gekuckt bei 278 Euro. D'FAPSYLUX fuerdert, datt d'CNS an Zukunft 80 amplaz 70 Prozent vun de Käschten iwwerhëlt.

Net just d'Käschte sinn nach ëmmer eng Hürd 

Och d'Waardezäite bleiwen héich. Zwar ass d'Zuel vun de Psychotherapeuten hei am Land zënter 2023 vun 343 op 380 geklommen. D'Nofro wiisst awer méi séier wéi d'Offer, seet den Alain Maassen.

"Also de Moment si mir sécher alleguer iwwerlaf. Dat heescht, mir hunn esou iwwer de Secteur, géif ech soen, eng Waardezäit vun ëm déi sechs Méint, déi mir feststellen. Et si ganz vill vu menge Kolleegen, déi aus dem Ausland géife kommen, déi sech hei installéieren. Dat ass bis elo op jidde Fall net de Fall gewiescht. An et ass éischter esou, dass mir frou sinn, wann déi eng oder aner Therapeuten de Moment hir Cabineten opmaachen."

D'Behandlung vu Koppelen a Gruppentherapien

D'FAPSYLUX fuerdert och nach, datt an Zukunft Gruppentherapien iwwer d'CNS ofgerechent kënne ginn. Dat kéint d'Offer ausbauen an d'Käschte fir d'Patienten erofsetzen.

"Wou een dann effektiv och de Virdeel huet, datt d'Leit sech net esou eleng fillen. An dat kann een dann och anescht guidéieren. An och do, wéi gesot, si scho Coden, Tariffer mat der CNS ausgehandelt, déi mussen dann iwwer d'Commission des Nomenclaturen da validéiert ginn. (...) Dat géif och fir d'Leit méi bëlleg ginn, well jo eng Gruppesëtzung natierlech dann e ganz aneren Tarif ass wéi den individuellen Tarif."

Och Froen zur Behandlung vun zum Beispill Koppelen, a virun allem vu Kanner a Familljen, missten nach gekläert ginn, esou den Alain Massen.

“Et kënnt e Kand vu sechs Joer. Dann ass dat Kand de Patient. D'Problematik läit awer och an der Famill, a souguer wann ech da mat den Elteren eng Kéier wéilt eleng schwätzen, wat immens wichteg ass, (...) da misst am Fong d'Elteren haut eng Ordonnance matbréngen. (...) Si sinn en Demandeur, mee an enger Logik, an enger Krankeversécherung, ass et awer e bësse speziell dat Ganzt.”

Fir d'FAPSYLUX ass et elo wichteg, datt déi schonn ausgehandelt Mesuren och ëmgesat ginn, esou nach den Alain Massen.

Lauschterenplay_arrow