National

Beanträchtegt Leit d'Liewe vereinfachen - Regierung stellt Plan d'action vir

Beanträchtegunge sollen net méi als Problem vun de betraffene Persoune gesi ginn. Dofir solle gesellschaftlech Barrière reduzéiert ginn. Dat soll duerch den neien nationalen Aktiounsplang fir Mënsche mat Beanträchtegunge gemaach ginn, deen d'Regierung virgestallt huet.

auto_stories

2 min

(v.l.n.r.) Elisabeth Margue, Max Hahn, Claude Meisch, Martine Deprez | © SIP / Claude Piscitelli
(v.l.n.r.) Elisabeth Margue, Max Hahn, Claude Meisch, Martine Deprez (Foto: SIP / Claude Piscitelli)

Den Aktiounsplang gouf zesumme mat Mënsche mat Beanträchtegungen an Organisatiounen aus deem Beräich ausgeschafft. Ënner anerem goufen zwee grouss Workshoppen organiséiert, bei deenen all Kéier méi wéi 150 Leit participéiert hunn. Eraus koume 50 Ziler an 119 konkret Mesuren. Fir d’Gouvernance vun dësem Plan d’Action hätt een sech entscheet fir net nëmmen d’Ministèren ze involvéieren, wéi den DP-Familljeminister Max Hahn erkläert.

"Dofir ginn et zwee Organer, déi deen nationalen Aktiounsplang wäerte begleeden. Dat eent Organ fënnt op Beamtenniveau statt, wou déi 20 Ministèrë mat involvéiert wäerte sinn a kucken, dass déi eenzel Aktiounen och ëmgesat ginn. Do dernieft gëtt et e Groupe de Suivi vum nationalen Aktiounsplang, wou och betraffe Mënsche wäerte vertruede sinn.“

Accessibilitéit heescht net nëmmen automatesch Dieren a Rampen

D’Mesurë gi vun der Accessibilitéit am ëffentleche Raum iwwer d'Schoul an d'Aarbechtswelt bis bei d'Justiz an d'Santé. Ënner anerem soll d’Gesondheetsversuergung fir jiddereen zougänglech sinn a besonnesch fir Mënsche mat enger Beanträchtegung, esou d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez.

"Esou eng Zougänglechkeet bedeit net just, datt Gebaier accessibel sinn, datt eng Dier automatesch  op geet oder datt keng Trapen do sinn. Mee et geet och drëms, datt an deene Raim Kaméidi reduzéiert gëtt, datt d'Liichtempfindlechkeet entgéintgeholl gëtt, datt verständlech accessibel Informatiounen disponibel sinn."

Fir all Mesure gëtt et ee verantwortleche Ministère, en Zäitraum, an deem se ofgeschloss soll sinn, an Indicateuren, un deenen hir Ëmsetzung gemooss soll ginn.

Plang ass "open end"

Den Aktiounsplang ass als Prozess geduecht, deen och an Zukunft weiderentwéckelt ka ginn. En huet kee fixen Enddatum, well nei Besoinen entstoe kënnen. D'Regierung wëll d'Ëmsetzung ee Mol am Joer iwwerpréiwen an de Plang, wann néideg, upassen. No fënnef Joer soll eng extern Evaluatioun gemaach ginn, esou nach de Familljeminister Max Hahn.