Mental Gesondheet

D'Associatioun vun den Hiewane fuerdert een Zenter fir perinatal mental Gesondheet

D‘Schwangerschaft an d‘Zäit no der Gebuert kënne mat staarke psychesche Belaaschtunge verbonne sinn: Vun Angscht an Erschëpfung bis zu schwéieren Depressiounen a Suicidegedanken, erkläert d‘Associatioun ALSF an engem Communiqué am Kader vun de Woche vun der mentaler Gesondheet.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass ronn all fënneft Fra wärend der Schwangerschaft oder am éischte Joer no der Gebuert vu psychesche Gesondheetsproblemer betraff.

Spezialiséierten Zenter kéint am Eeschtfall Liewe retten

Dofir misst zu Lëtzebuerg e spezialiséierten Zenter geschafe ginn, dee betraffene Fraen eng individuell an direkt Betreiung ubitt, ouni Waardezäiten, a mat der Méiglechkeet och stationär opgeholl ze ginn, zesumme mam Kand, esou d‘Associatioun vun den Hiewanen zu Lëtzebuerg.

D'ALSF betount iwwerdeems, datt misst assuréiert sinn, datt all Fra en Zougang dozou huet, ganz onofhängeg vun hirer finanzieller Situatioun. 

Och d'Preventioun spillt eng wichteg Roll

A besonnesch schwéiere Fäll kéinte perinatal Erkrankungen dramatesch Follge fir d'Mamm an d'Kand hunn, erënnert d'Associatioun. Een direkten Zougang zu enger spezialiséierter Versuergung kéint esouguer Liewe retten. 

D'ALSF betount och d'Wichtegkeet vun der Preventioun. Dobäi géifen Hiewanen, déi d'Fraen iwwer ee längeren Zäitraum betreien, eng wichteg Roll spillen.