Prisongsverwaltung

Aggressivitéit am Prisong hëlt zou – Méi Agenten astelle just deelweis eng Léisung

D'Zuel vun de Prisonéier ass an der Lescht staark gewuess. Méi staark wéi ee sech dat erwaart hätt, gëtt och de Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung zou. Brauch et also geschwënn nees en neie Prisong?

auto_stories

5 min

headphones

16 min

De Serge Legil | © Radio 100,7 play_arrow
De Serge Legil (Foto: Radio 100,7)

An de leschten zwou Wochen huet d’Associatioun vun de Giischtercher gläich zweemol op Fäll opmierksam gemaach, wou Wiechter vun engem Detenu ugegraff a blesséiert gi sinn. Een Indice dofir, datt d’Situatioun am Prisong zu Lëtzebuerg aktuell ugespaant ass, an dat a villen Hisiichten.

Gravitéit an Aggressivitéit vun den Attacken hëlt zou

De Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung, seet am 100,7-Interview, datt d’Attacke vun Detenuen op Giischtercher zueleméisseg net onbedéngt ropgaange wieren.

"Wärend Covid si se rofgaangen, elo nees rop. Mir hunn e ganz puer weider Fäll. Mee d’Gravitéit an Aggressivitéit, de Wëllen, eppes futti ze maachen, dat hëlt erheblech zou."

Vill verschidde Grënn fir d'Attacken

D’Grënn dofir wiere multifaktoriell, erkläert de Serge Legil. Ugefaange mat der Hëtzt. Am Summer – a virun allem bei den aktuellen Temperaturen – kann et an den Zelle “schrecklech waarm” ginn, seet de Serge Legil.

Dobäi kënnt, datt d’Populatioun am Prisong sech am Laf vun de Jore staark geännert huet. Et hätt ee keng “mëttel-al” Leit méi, mee vill Jonker oder aler.

“Déi Al hale sech roueg, mee déi Jonk si méi aggressiv.”

E weidere Facteur ass déi multikulturell Zesummesetzung vun der Prisongspopulatioun. Wa vill Leit aus verschiddene Kulturkreesser openeen treffen, da kéint et zu Schwieregkeete kommen, och wann déi net ëmmer gewollt sinn, mee dacks op Mëssverständnisser baséieren, seet de Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung.

Méi Personal net eleng d'Léisung vum Problem

D’Associatioun vun de Giischtercher féiert allerdéngs och villes op Personalmangel zeréck. Wat dat ugeet weist de Serge Legil sech éischter virsiichteg. Et wier “mat Sécherheet” e Facteur, awer och net d’Erklärung fir alles.

“Sécherlech, si schaffen um leschte Limitt. Kee Witz. Ganz heefeg musse mir Leit aus dem Congé ruffe fir Schichte kënne voll ze maachen.”

Zur Wouerecht gehéiert awer och, datt wann een Detenu e Wiechter attackéiert, et egal ass, ob virun der Dier zwee oder fënnef Wiechter stinn, betount de Serge Legil.

Hie widderhuelt domat eng Ausso vum President vun der Associatioun vun de Giischtercher, de Samir Djennas.

Ëm déi 30 inaktiv Agenten

Méi Personal wier also ee Schlëssel, awer net d’Wonnerléisung, esou de Serge Legil. Hie mécht och drop opmierksam, datt aktuell eng 30 Leit op de Personallëschte stinn, déi de facto awer net méi schaffe kommen. Dat, well se an de Prozedur sinn, fir an d’Pensioun ze goen, oder an engem laange Krankeschäi sinn.

“Mir brauche sécherlech méi Agenten, mee dat heescht och, déi Agenten, déi just nach theoreetesch do sinn duerch aktiv Agenten ze ersetzen. Déi Agenten da méi forméiere fir besser mat verschiddene Situatiounen eens ze ginn.”

Dëst Joer gi scho 25 nei Agenten agestallt. Bis de Summer 2027 soll dës Zuel op 50 klammen. 

Et misst ee mat der Opstockung vum Police- a Justiz-Personal mathalen, seet de Serge Legil. Et géing een nämlech mierken, datt an deene Beräicher opgestockt ginn ass. Zum Beispill si méi Mandat-de-dépote gesprach ginn.

Ziler vun der Reform 2018 kënnen net agehale ginn

Zeréck awer bei d’Fro vum Ufank: Sinn d’Prisongen iwwerbesat? De Serge Legil stellt kloer: Den Ordre public wier net a Gefor. “Et leeft eis kee fort”, esou de Generaldirekter.

De Problem wier deen, datt een d’Prisongsreform vun 2018 net onbedéngt anhale kéint. Déi huet virgesinn, datt d’Detenuen déi Zäit, wou si am Prisong sinn, esou nëtzlech wéi méiglech sollen notzen, fir datt hir Chancen, am spéidere Liewen nees Fouss ze faassen, méi héich sinn.

Dofir solle Formatiounen ugebuede ginn, awer och psychiatresch Betreiung zum Beispill.

“Déi ganz Panoplie u Saache kann ee just am Kontext vun engem normaliséierten an individualiséierte Strofvollzuch maachen.”

Wa méi Leit am Prisong sinn – méi wéi virgesinn – da wier et net méi méiglech, dës Ziler ze verfollegen.

Datt een zu Suessem u seng Limitte kënnt war "net virauszegesinn"

Aktuell lafen och Reflexiounen, fir Schraasseg ëmzebauen. Dat wier awer “à trés long terme”, seet de Serge Legil. Et géingen och zwou bis dräi Piste gi fir Schraasseg kuerzfristeg ëm eng Capacitéit vun 100 Better ze erweideren. Esou kéint och d’Situatioun vun de Frae verbessert ginn.

Viru 4 Joer ass den neie Prisong fir Untersuchungshäftlingen zu Suessem opgaang. Datt een och do u seng Limitte kënnt wier erstaunlech, mengt de Serge Legil. “Dat war net virauszegesinn.”

Et hätt een awer nach genuch Marge, esou datt een d’Situatioun och net méi schlëmm schwätze sollt, wéi se ass.

Neie Jugendprisong schonn ze kleng geplangt?

Dann ass nach de Jugendprisong zu Dräibuer am Opbau. Do waart een den Ament op dräi Projet-de-loien. Dëst sinn an der Haaptsaach de Projet de loi iwwer de Code penal de Mineur proprement dit, an d’Reform vum Jugendschutz. De Consil d’Etat huet seng Avis-complémentairen ofginn. Do wieren awer nach eng Rëtsch Opposition-formellen dran, wéi de Serge Legil erkläert.

“Mir rechnen domat, mee dat ass eng Estimatioun, net viru Mëtt 2028, vläit Enn 2028, Ufank 2029, wou et de facto opgeet.”

Een Direkter ass awer schonn ernannt ginn. Deen ass gläichzäiteg och Chef vun der Unisec a schafft elo Prozedure fir de Jugendprisong aus. Wann déi gesetzlech Basissen also gi sinn, da kéint ee séier ufänke mat schaffen, betount de Serge Legil.

An deem Prisong soll Plaz fir 30 Detenue sinn: 15 Jongen a 15 Meedercher. Mee geet dat duer? Well eleng zu Schraasseg goufen d’lescht Joer ëm déi 30 Mineuren ënnerbruecht. Dem Serge Legil no kéinten awer och bis zu 35 Mineuren am neie Jugendprisong Plaz fannen.

Lauschterenplay_arrow