Natur- a Forstverwaltung

D'Beem am Burnout: Dëse Summer wäert seng Spueren am Bësch hannerloossen

Wann ee véier Canicullen hannereneen erlieft, dann hannerléisst dat nohaltege Schued – och bei engem gesonden Organismus. Dat ass de Constat vum Michel Leytem, Chef vun der Natur- a Forstverwaltung. Deemno stellt ee sech fir 2027 op e Joer an, an deem ee vill Beem verléiere wäert.

auto_stories

4 min

headphones

12 min

De Michel Leytem | © Radio 100,7 play_arrow
De Michel Leytem (Foto: Radio 100,7)

D’Beem hu Burnout: Esou beschreift de Michel Leytem d’Situatioun an de Lëtzebuerger Bëscher. 

Krank Beem erkennt een net ëmmer op den éischte Bléck

Déi véiert Canicule hannerenee géing och beim beschten Organismus seng Spueren hannerloossen, seet de Michel Leytem am 100,7-Interview. Mee d’Situatioun ass tückesch: Et gesäit een de Beem net ëmmer of, wéi gesond oder krank datt se sinn.

Genee also wéi bei engem Mënsch, dee Burnout huet.

D'Dréchent kann déidlech Konsequenzen hunn

Déi aktuell Dréchent léisst Stress bei de Beem aus. Eng Konsequenz dovunner sinn Äscht, déi ofbriechen. Dat ka schlëmm Konsequenzen hunn, wéi een tragesche Fall am Juli zu Bäerdref gewisen huet.

Do ass en Aascht op en hollänneschen Tourist gefall, dee kuerz drop am Spidol u senge Blessure verscheet ass.

De Michel Leytem erkläert, datt dat geschitt, wann de Bam iwwer seng Blieder méi Waasser verdonst wéi datt en es duerch seng Wuerzelen nees erakritt. Da ginn d’Äscht “sprock” a kënnen ofbriechen.

Och d'Beem kënne verzweifelen

Dat muss awer net heeschen, datt de Bam futti ass. E ka sech nees erhuelen. Dofir muss d’Wieder sech allerdéngs änneren.

“Verschidden Äscht si futti, mee déi Beem kënne sech erhuelen. Wa mir hoffentlech nächst Joer en normale Summer kréien, da kënne se eng zweet Kroun ausbilden a sech regeneréieren.”

E Fachmann erkennt de Stress, ënner deem d’Beem leiden, awer nach un anere Symptomer. Beispillsweis wann d’Blieder sech arullen. Wat d’Fläch nämlech méi grouss ass, wat och méi Waasser verdonst.

Wa bis d’Blieder sech zesummerulle misst een awer vun enger “Verzweiflungstat” vum Bam schwätzen, mengt de Chef vun der ANF.

Summer wäert seng Spueren hannerloossen

De Michel Leytem fäert, datt dëse Summer nohaltege Schued am Lëtzebuerger Bësch hannerléisst. Ëmmerhi gouf et vu Mëtt Juni bis elo kee richtege Reen.

“Mir rechnen domat, datt mir d’nächst Joer ganz vill Beem hunn, déi et net wäerte packen a mussen eis astellen, wéi mir domat ëmginn.”

Dobäi geet et dem Lëtzebuerger Bësch schonn net gutt. Just all siwente Bam ass gesond an dat wäert sech an Zukunft och net verbesseren.

Gesondheet vum Bësch a vum eenzelne Bam ass ënnerschiddlech

De Michel Leytem betount awer, datt een en Ënnerscheed muss maachen tëschent dem Zoustand vun den eenzelne Beem, an deem vum Bësch.

Wat nämlech Hoffnung maache géing wier de Fakt, datt de Bësch sech zu Lëtzebuerg an de leschten 20 Joer diversifizéiert huet.

“Mir hunn net just Beem vun engem Alter an enger Bamaart. D’Bëscher gi méi strukturräich an doduerch méi resilient.”

D’Natur- a Forstverwaltung ass virun allem a Bëscher aktiv, déi an ëffentlecher Hand sinn. Dat si ronn 50 Prozent vun de Bëscher am Grand-Duché.

Affer a Chance ze gläich

De Rescht gehéiert private Leit. Mee och mat deenen hätt een e gudden Austausch, esou de Michel Leytem, esou datt och déi Bëscher ëmmer méi nohalteg ginn.

“Mir probéieren eise Bësch natierlech ze verjüngen. (...) De Bësch ass an der Klimakris Affer a Chance ze gläich. Mir brauchen e fir d’Sauerstoffproduktioun a fir d’Reegelung vum Waasserhaushalt.”

Eng Méiglechkeet, d’Bëscher besser op d’Zukunft virzebereeden ass et, ënner engem zouene Krounendach schonn en zweete Bësch grousszezéien. Wann also Beem ofstierwe sinn neier direkt ënnendrënner scho prett.

Mee och dofir brauch et Reen. Deen ass a leschter Zäit net onbedéngt manner ginn, mee aneschters verdeelt. Wann et a kuerze Periode vill reent, da kann de Buedem dat net alles ophuelen.

Et bréicht een also eng länger Period, wou et “gemittlech reent”, seet de Chef vun der Natur- a Forstverwaltung, soudatt d’Reserve sech nees fëlle kënnen.

Risiko vu grousse Bëschbränn bei eis net esou grouss

Zum Summer gehéiere mëttlerweil leider och d’Biller vun uerge Bëschbränn uechter d’Welt.

Zu Lëtzebuerg ass dee Risiko awer ganz kleng. Zum engen, well et bei eis am Land keng grouss Monokulturbëscher ginn. Duerch vill verschidden Aarten am Bësch gëtt deen nämlech méi resilient.

Ausserdeem ginn et zu Lëtzebuerg keng grouss zesummenhängend Bëschflächen. Déi gréisst ass de Gréngewald mat 4.000 Hektar. Insgesamt ginn et zu Lëtzebuerg 90.000 Hektar. Zum Verglach: An der Gironde si bannent puer Deeg ganzer 42.000 Hektar verbrannt.

Lauschterenplay_arrow