Dëse Phänomeen betrëfft och gesond Beem an ass dowéinst schwéier ze evitéieren. Am Stater Park ginn et awer och vill ganz al Beem, déi reegelméisseg op hire Gesondheetszoustand musse kontrolléiert ginn. Um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg sinn dofir am Ganzen dräi Bamdokteren am Asaz.
"Patientenakte" fir d'Beem
De Stater Park mat senge ronn 1.300 Beem ass dem Charel Faust säi Revéier. Et ass impressionant, wéi gutt hie seng Beem kennt.
"Deen doten hat emol eng gréisser Wonn", "deem dote gouf en Aascht ewechgeholl", "deen doten hat e Pilz": Dem Charel Faust fält zu all Exemplar eppes an.
All Bam huet dann och seng eegen digital “Patientenakt”, an där d’Detailer zu sengem Gesondheetszoustand vermierkt ginn, déi bei de reegelméissege Kontrolle vum Bamdokter festgestallt ginn.
Kontroll-Rendez-vous beim Bamdokter
Haut de Moien ass de Patient eng Routbuch: 33 Meter héich, 22 Meter Krounenduerchmiesser. Si ass an der esougenannter Alterungsphas, also 80 bis 100 Joer al. An hirem Dossier ass vermierkt, datt si bei der leschter Kontroll “staark geschwächt” war: Si hat net all ze vill Blieder an ass vun engem Pilz befall.
D’Sécherheetsufuerderung un dëse Bam ass ganz héich, well e bei engem Wee steet. De Charel Faust kontrolléiert elo, wéi et dem Bam zënter der leschter Kontroll ergaang ass. Scho beim éischte Bléck weist hie sech zefridden: Et géif een direkt gesinn, datt de Bam sech gutt erholl hätt. D'Routbuch wier erëm schéin dicht - dank dem ville Reen an de leschten zwee Joer.
Trotzdeem kuckt hie sech d’Detailer ganz genee un – besonnesch de Pilz.
"Deen ass elo schwaarz. Am Fréijoer ass e wäiss. Dat heescht, en huet zwou Fruuchtformen. Et ass Brandkrustenpilz, an dat héiert ee wierklech, dat kruspelt esou erof. Dat ass de Pilz an dofir brauch ee wierklech immens gutt Aen an et muss ee wëssen, u wéi enge Bam-Aarten een e fënnt. Dat heiten ass eben d’Schadmerkmal, op dat ee muss oppassen. Dat ass an der Bamkontroll d’Kinneksdisziplin, fir et wierklech ze fannen."
De Charel Faust kuckt elo, ob de Pilz sech weider ausgebreet huet.
Wéi gëtt e Bam ënner d'Lupp geholl?
Mee de Bamdokter ass zefridden: D’Routbuch hätt gutt Holzreserven an deem Beräich opgebaut, esou datt keen direkte Risiko géif bestoen. Behandelt gi kann dëse Pilz net, dofir gëtt en awer genee observéiert.
Wéi de Charel Faust erkläert, gi bei esou enger Bamkontroll véier Punkten ënner d’Lupp geholl.
"Dat ass eng Kéier d’Kroun, déi mir kucken. Mir kucken de Stamm selwer, a mir kucken de Stammfouss mat senger Umgebung, also mam Standuert, wou e steet."
Dobäi gëtt de Bam op verschidden Indicen ënnersicht, zum Beispill dout Äscht, Spiechthölen, Blaatkrankheeten, Efeu an der Kroun, op Aschtrësser oder eben op siichtbar Pilzkierperen.
"Mir kucken, wéi al ass de Bam, ob e jonk ass, an der Reifungsphas oder an der Alterungsphas, an doropshi kucke mir wéi d’Vitalitéit ass, an da kucke mir, wéini mir déi nächst Kontroll géife maachen. An da soe mir nach, ob de Bam verkéierssécher ass oder net."
Äscht erofgeheien als normal Reaktioun vum Bam
Mee net all Gefor kann ee viraussoen. Déi aktuell Warnung vun der Stad Lëtzebuerg, opmierksam ze sinn, wann ee sech an de Parken ophält, an op de Weeër ze bleiwen, bezitt sech nämlech an éischter Linn op de sougenannten natierlechen Astabwurf – an deen ass schwéier bis onméiglech virauszegesinn.
"De Bam, dee reagéiert einfach. E probéiert sech als Organismus ze erhalen. An dee Grengastbroch ass eben de Selbstschutz vun hinnen, fir dann déi Äscht, déi méi Energie verbrauchen, wéi se dono nach abréngen, datt se déi rofgeheien."
Dat wier dee groussen Challenge, seet de Charel Faust.
"Well d’Bamkontroll net explizit dora kann agoen, well et am Fong e gesonden Aascht ass, dee rausbrécht. Dat ass den Challenge fir d’Zukunft, wou mir un d’Leit mussen appelléieren, datt si sollen opmierksam sinn. Beim Lafen, owes duerch de Bësch, vläicht keng Kopfhörer méi undoen, mee ë bësse méi op d’Natur ze lauschteren, an dat ass dat wichtegst."
D'Routbuch huet den nächste Rendez-vous an engem Joer
Zeréck bei eis Patientin vun de Moien: d’Routbuch. An hirem Dossier ass schonn den Zäitpunkt fir déi nächst Kontroll vermierkt.
Bei dësem Rendez-vous, deen an engem Joer ugeduecht ass, wäert een awer nach e Schrëtt méi wäit goen an e sougenannten “Zuchversuch” mat engem spezialiséierte Büro duerchféieren. Mat Hëllef vun engem Seel, dat um Bam befestegt gëtt, gëtt eng bestëmmte Laascht ausgeüübt, déi mat engem staarke Wand ze vergläichen ass. Esou gëtt séchergestallt, datt de Bam esou enger Situatioun standhält a keng Gefor fir d’Leit duerstellt.
Bis dohinner huet d’Routbuch elo awer mol hir Rou.