Hien hat domat déi véierzéngt séiersten Zäit vun alle Participanten. De Ralph Daleiden, deen an der selwechter Disziplin un den Depart gaangen ass, huet de Sprong an d’Halleffinall dogéint verpasst.
Den ale Rekord vun 48 Sekonnen a 60 Honnertstel hat de Ralph Daleiden leschte Juli zu Singapur opgestallt. D’Halleffinallen iwwer 100 Meter Crawl sinn den Owend géint 19:30 Auer.