De Jonah Pütz begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalescher Momenter.
Um ARD Musikwettbewerb gouf e Paukestéck vum Lëtzebuerger Pit Dahm als Oeuvre imposée gespillt. Mir lauschtere Musek vun der Clara Schumann, déi den 13. September 1819 op d'Welt koum. An um Ettelbrooklyn Street Fest wäert een d'Méiglechkeet hunn, 200 Saxofonen op ee Schlag ze héieren.