Den Anton Diabelli wier haut op den Dag 245 Joer al ginn. Duerch d'Diabelli-Variatioune vum Beethoven, ass deen Numm hautzedaags nach ville Klassik-Kenner e Begrëff. Firwat déi einfach Walzer-Melodie den Anton Diabelli nohalteg bekannt gemaach huet, gëss du hei a Resonanzen gewuer.
Mir wäerten och op den Uergelconcours kucken, dee muer am Kader vum Klenge Maarnicher Festival ufänkt. De Concours ass dem fréieren Titularorganist vun der Kathedral, dem Carlo Hommel, gewidmet. Et si Kandidaten vu Lëtzebuerg, aus Däitschland, aus der Belsch an aus Korea a China ugemellt. D'Concerte kann ee gratis lauschtere goen.