Den Tingshuo Yang ass de Gewënner vun der Northern Ireland International Organ Competition 2026.
De jonke Lëtzebuerger Museker konnt de 17. an 18. August an der St. Patrick's-Kierch an Irland zu Armagh de Jury mat senger Interpretatioun am meeschte begeeschteren. Dat mat engem Programm mam Bach sengem BWV 688, dem zweete Saz aus der Uergelsinfonie Nr.9, Op. 70 vum Charles-Marie Widor an der Suite Op. 5 aus der Toccata vum Maurice Duruflé.
"Ech freeë mech riseg, d'Northern Ireland International Organ Competition gewonnen ze hunn! Dat huet gewisen, datt sech meng haart Aarbecht déi lescht Joren elo bezuelt mécht an ech sinn dankbar fir d'Ënnerstëtzung vu menge Proffen a Mentoren. Et huet mer och vill Spaass gemaach, nët nëmme géint esou héichkaräteg jonk Organisten aus der ganzer Welt dierfen unzetrieden, mee si och als zukünfteg Beruffskolleege kennenzeléieren. Ech freeë mech well immens op d'Concerten am nächste Joer, op d'Spille vu fantasteschen Instrumenter a wonnerschéine Locations an op déi international Debuten."
Domat ginn et net just 4.000 Pond Präisgeld, mee och ee Pokal a Kaddosbongen fir nei Partiture kënnen ze kafen. Dobäi kommen och d'Méiglechkeet op ee weidert Stipendium an 1.000 Pond budgetär Ënnerstëtzung.
Fir vill Freed dierften och fënnef Concerte suergen, bei deenen de jonken Organist spillen däerf - zu Paräis, an der Westminster Abbey zu London, um King's College zu Cambridge, an Irland wéi och an Nordirland.
Den Tingshuo Yang, gebuer 2004, huet ee Pianosstudium um Royal College of Music gemaach. Duerno koume Stipendien um Eton College an och dem St. John's College zu Cambridge dobäi. Hei konnt hien och säi Bachelor mat der héchstméiglecher Bewäertung ofschléissen. Fir hie geet et elo weider am Master-Studium fir Uergel un der Juilliard School.