Mat Nimm wéi Lang Lang, Emmanuel Pahud oder Kathleen Tagg wëll den Dirigent Daniel Barenboim een neie Festival an d'Liewe ruffen. Ënner dem Numm "West-Eastern Divan" soll de Festival, deen zu Berlin stattfënnt, och deelweis fir d'Klassik ongewinnte Locations mat sech bréngen. Geplangt sinn insgesamt zéng Concerten an der Philharmonie Berlin, dem Pierre-Boulez-Saal mee och dem weltwäit bekannten Technoclub Berghain.
Vum Programm hier wäert ee Mix aus sinfonesche Wierker, Kammermusek vu Klassik iwwer Romantik, wéi och neie Kompositioune mat elektronesche Sounds ze héiere sinn.
De Festival selwer fënnt tëschent dem 11. an dem 18. November 2026 zu Berlin statt.
Detailer zu all de Concerte sollen an de nächste Woche public gemaach ginn.
Bis elo steet awer schonn ee Concert mam Weltpianist Lang Lang fest, deen de 17. November 2026 an der Berliner Philharmonie mam West-Eastern Divan Orchestra an dem Dirigent Daniel Barenboim stattfënnt.