Fir d’Touristen a Frënn vun der klassescher Musek heescht et zu Paräis sech nach weider 3 Joer gedëllegen. D’Oper Palais Garnier wäert nämlech eréischt 2032 seng Dieren opmaachen. Als Grond fir d’Verlängerung vun de Renovatiounsaarbechte gi gëfteg Bläikonzentratioune genannt, déi elo bei der Renovatioun festgestallt goufen. Doduerch wier den Opwand massiv gewuess an eng méi intensiv Renovatioun vun der Oper néideg.
D’Paräisser Oper ass mëttlerweil iwwer 160 Joer al.
De Saisonsprogramm vun den nächste Jore wäert deementspriechend op aner Plaze verluecht ginn.