Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Pit Brosius kritt dëst Joer de Prix Arts et Lettres vum Groussherzoglechen Institut iwwerreecht. Een Award, dee jonk Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent. D’Beräicher vun der Kultur sinn dobäi breetgefächert, vun Danz, Film, Molerei, Theater hin zu Literatur, Architektur wéi och Musek.

De Pit Brosius ass net just am Land duerch säin Engagement an der Klassikzeen bekannt als kënschtlereschen a musikalesche Leeder vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg, kuerz dem ONJ. Och aner Ensembelen aus dem Land schaffe fir Projete mat him zesummen. Wéi och bei eis, wou de Pit Brosius fir den Opus ee Podcast mam Numm “Hanner den Téin” iwwer Nei Musek an d’Perceptioun dovun, realiséiert huet.

Hie bréngt iwwerdeems Erfarung als Dirigent aus Maastricht an Amsterdam mat, schafft selwer als Enseignant fir Fagott an Orchesterleedung an huet bei Projete mat bekannte Solistinnen a Solisten, Orchesteren an Dirigente bei ënner anerem och Opereproduktiounen am Ausland matgewierkt.

De Pit Brosius kritt de Konscht a Literaturpräis “Art et Lettres“ offiziell de 27. November dëst Joer am Mierscher Theater iwwerreecht mat der musikalescher Ënnerstëtzung vun United Instruments of Lucilin a Museker:innen aus den eegene Reie vum ONJ.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

KI bei de Festspiller: Applaus fir d’Musek, d’Biller ginn ausgepaff | © Pixabay

KI bei de Festspiller: Applaus fir d’Musek, d’Biller ginn ausgepaff

Zum 150. Jubiläum vum "Ring des Nibelungen" wollt Bayreuth mat Kënschtlecher Intelligenz Neies woen. Dëst koum beim Public awer net gutt un.
headphones

4 min

play_arrow
72 Stonnen Trombonnemusek um Stéck - ee Weltrekord? | © Pixabay

72 Stonnen Trombonnemusek um Stéck - ee Weltrekord?

Déi evangelesch Trombonnechéier aus Bayern hunn an der Jakobskierch zu Nürnberg 72 Stonne um Stéck gespillt.
headphones

4 min

play_arrow
"Wilhelm Tell": Véier Stonne Befreiungskampf | © gallica.bnf.fr / Bibliothèque nationale de France

"Wilhelm Tell": Véier Stonne Befreiungskampf

Den 3. August 1829 war d'Uropféierung vun der leschter Oper vum Gioachino Rossini.
headphones

3 min

play_arrow
Yachten am Kennedy Center? | © Mike Stoll / Unsplash

Yachten am Kennedy Center?

Een Trump-Vertrauten dreemt vu Yachten a Valentino am Kulturzentrum.
headphones

2 min

play_arrow
Dem Wonnerkand seng Schwëster | © Albertina, Éisträich

Dem Wonnerkand seng Schwëster

D'Maria Anna Mozart war genee esou talentéiert wéi hire Brudder – duerft awer keng Musekerin ginn.
headphones

3 min

play_arrow
Réckbléck - De "Papp vum Sirtaki" wier haut 101 Joer al ginn | © Pixabay

Réckbléck - De "Papp vum Sirtaki" wier haut 101 Joer al ginn

De Mikis Theodorakis steet an der Musek fir de Museksgenre Sirtaki. An der Politik fir Gerechtegkeet. Mee wien war de weltbekannte Museker?
headphones

4 min

play_arrow
Fotografie op Klassesche Concerte sief geléiert! | © Pexels

Fotografie op Klassesche Concerte sief geléiert!

Ee Besuch am Concertssall bleift an Erënnerung. Och duerch d'Event-Fotoen. Mee ass Iech scho mol opgefall, datt een d'Fotografe praktesch ni wärend dem Concert bemierkt?
headphones

3 min

play_arrow
"Frou, stolz an einfach nëmmen dankbar" -  d'Monnerecher Musek um WMC dobäi | © Quell: Monnerecher Musek / Facebook

"Frou, stolz an einfach nëmmen dankbar" - d'Monnerecher Musek um WMC dobäi

D'Harmonie Monnerech ass eng vun insgesamt zwou Museken aus dem Land déi sech fir de World Music Contest qualifizéiert hunn. Mat 91,44 Punkten ass eng 4.Plaz erauskomm.
headphones

2 min

play_arrow
Bayreuther Festspiller - zukünfteg Produktioune verléinen oder verkafen | © Pixabay

Bayreuther Festspiller - zukünfteg Produktioune verléinen oder verkafen

D'Cheffin vun de Bayreuther Festspiller, d'Katharina Wagner, wëllt d'Konzept "méi nohalteg denken" an zukünfteg Produktiounen un aner Haiser verléinen oder verkafen.
headphones

2 min

play_arrow
Moselmusikfestival 2026 - Klassik ronderëm d'Muselregioun | © www.moselmusikfestival.de

Moselmusikfestival 2026 - Klassik ronderëm d'Muselregioun

Um Moselmusikfestival kritt een dëst Joer ronn 40 Concerte vu Juli bis Oktober gebueden, déi anengems op eng Visitt an déi schéi Géigende vun eiser Grenzregioun invitéieren.
headphones

3 min

play_arrow
300 Mini-Mozarten zu Salzburg | © Wolfgang Lienbacher

300 Mini-Mozarten zu Salzburg

Fir den 270. Gebuertsdag vum W.A. Mozart, huet de Sculpteur Ottmar Hörl kleng gëlle Figuren entworf – mat dobäi: Dem Mozart säi Mupp!
headphones

2 min

play_arrow
16. Plaz a Goldmedail fir d'Fanfare Bouneweg beim World Music Contest | © Lex Kauffmann / Opus

16. Plaz a Goldmedail fir d'Fanfare Bouneweg beim World Music Contest

Leschte Samschdeg ass d'Fanfare Bouneweg beim World Music Contest an Holland ugetrueden. Hir Leeschtung gouf um Enn mat 85,53 Punkten an enger Goldmedail ausgezeechent.
headphones

2 min

play_arrow
Bach on Bike 2026 | © Opus

Bach on Bike 2026

Véier Concerten op 44 Kilometer
headphones

3 min

play_arrow
140 Joer hier: Franz Liszt spillt leschten ëffentleche Concert am Casino zu Lëtzebuerg | © Pixabay (Collage)

140 Joer hier: Franz Liszt spillt leschten ëffentleche Concert am Casino zu Lëtzebuerg

Dëse Sonndeg, den 19. Juli, sinn et 140 hier, datt de Franz Liszt zu Lëtzebuerg war an hei och säin allerleschte Piano-Recital a sengem Liewe gespillt huet.
headphones

3 min

play_arrow
Frësch Faarf an en neie Concertssall - Renovatioun vum Schuberthaus (Wien) | © Lisa Rastl / Wien Museum

Frësch Faarf an en neie Concertssall - Renovatioun vum Schuberthaus (Wien)

D'Schuberthaus zu Wien, déi Plaz, wou de Franz Schubert virun 229 Joer op d’Welt koum, gëtt elo am Hibléck vu sengem 200. Doudesdag komplett renovéiert.
headphones

2 min

play_arrow
Dat sinn d'Highlighte vun de BBC Proms 2026 | © Mark Allan

Dat sinn d'Highlighte vun de BBC Proms 2026

D'Editioun 2026 vun de BBC Proms steet am Zeeche vun der amerikanescher Musek am Kader vum 250. Joresdag vun der Onofhängegkeetserklärung. Mat weidere flotten Iwwerraschungen
headphones

3 min

play_arrow
D'Joana Mallwitz verlängert bis 2033 beim Konzerthaus Berlin - Ee Portrait | ©  Simon Pauly

D'Joana Mallwitz verlängert bis 2033 beim Konzerthaus Berlin - Ee Portrait

D’Joana Mallwitz gehéiert zu den aktuell talentéiertsten Dirigentinnen hirer Zäit. Elo huet si hire Kontrakt als Chefdirigentin vum Berliner Konzerthaus verlängert.
headphones

3 min

play_arrow
De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi | © Smallz Raskind & LA Philharmonic / Quell: www.deutschegrammophon.com

De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi

Fir déi grouss Halbzeitshow vun der Fussballweltmeeschterschaft e Sonndeg, wäert de Gustavo Dudamel nieft ville weidere Stare fir grouss Stëmmung suergen.
headphones

2 min

play_arrow
2-fachen Oscar Gewënner Anthony Hopkins bréngt ee Klassik-Album eraus | © Quell: Deutsche Grammophon

2-fachen Oscar Gewënner Anthony Hopkins bréngt ee Klassik-Album eraus

Beim Label Decca Classic bréngt de Schauspiller Anthony Hopkins een Album mat selwer komponéierte klassesche Wierker eraus. "Life Is A Dream"
headphones

2 min

play_arrow
Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn | © Pexels

Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn

Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn: Dat ass een neie Changement, mat deem een de staatleche Rundfunksystem an Ungarn ëmstrukturéiere wëllt.
headphones

2 min

play_arrow