Haut ass Weltëmweltdag

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Haut, de 5. Juni ass den internationalen Ëmweltdag vun de Vereenegten Natiounen. De Weltëmweltdag gouf am Joer 1972 gegrënnt, am Kader vum Weltëmweltgipfel vun der UNO, der Stockholmer Konferenz fir de Schutz vun der Ëmwelt, bei där eng Rei Ëmweltschutzprogrammer entstane sinn. Mëttlerweil gëtt en an iwwer 150 Länner gefeiert. D’Land an deem e stattfënnt wiesselt all Joer, dëst Joer ass et Aserbaidjan.

All Joer gëtt et och e spezifesche Motto, dëst Joer ass et “NowForClimate” also “Elo fir d’Klima”. Well d’Léisunge fir d’Klimakris si jo scho längst bekannt, elo ass et also endlech un der Zäit eppes ze maachen. An och zu Lëtzebuerg spiert ee schonn d'Follge vum Klimawandel: et gëtt ëmmer méi laang dréchen, et ginn ëmmer méi Iwwerschwemmungen an eis Wantere ginn ëmmer méi waarm.

De Weltëmweltdag setzt säi Fokus op de Klimawandel, mee deen Dag soll awer och do sinn, fir de Leit de Courage ze ginn. Well jiddweree kann eppes fir eise Planéit maachen. Trotz deene schlechten Noriichten, déi een ëmmer nees matkritt, wëllt d'UNO engem Hoffnung ginn: et gëtt ëmmer méi an nohalteg Energie investéiert, Stied ginn nei entworf, fir méi agreabel fir d'Awunner:innen ze ginn an et ginn ëmmer méi Beem geplanzt. D'UNO wëllt optimistesch sinn a visibel maachen, datt d'Léisunge fir d'Klimakris lues, awer sécher op der ganzer Welt applizéiert ginn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Nei Doku iwwer d'Yuja Wang | © Wei Lai; Beijing Youth Weekly

Nei Doku iwwer d'Yuja Wang

D'Regisseurin Lorna Tucker erméiglecht e Bléck hanner d'Kulissen vun enger Weltkarriär.
headphones

3 min

play_arrow
7.900 Nolauschter:innen pro Dag um Opus

7.900 Nolauschter:innen pro Dag um Opus

Merci fir d'Nolauschteren! 7.900 Nolauschterinnen a Nolauschterer am Dag - esou vill Leit erreecht den Opus.
headphones

2 min

play_arrow
Fir d’Klassik- a Kinosfans: Stradivari-Film an den däitsche Kinoen | © Screenshot Trailer

Fir d’Klassik- a Kinosfans: Stradivari-Film an den däitsche Kinoen

Véier seele Stradivari-Instrumenter fir ee Concert zesummebréngen - kléngt einfach, mee d’Museker selwer mussen och zesummefannen ...
headphones

2 min

play_arrow
210 Figure geklaut – Mozart Expo geet méi fréi wéi geplangt op een Enn | © Wolfgang Lienbacher

210 Figure geklaut – Mozart Expo geet méi fréi wéi geplangt op een Enn

Dat war wuel ee “Satz mit X”... D’Salzburger Expo vum Ottmar Hörl mat e puer honnert Mini-Mozarten am Mirabellegaart muss méi fréi wéi geplangt zougemaach ginn.
headphones

2 min

play_arrow
Pianist ersetzt Solist an Dirigent bannent Stonne spontan um Concert | © Raphael Steckelbach

Pianist ersetzt Solist an Dirigent bannent Stonne spontan um Concert

Fir ee Concert bei de Weilburger Schlosskonzerte soll de Pianist Frank Dupree spontan fir de Solist asprangen. Mee kuerz virum Optrëtt muss dunn och nach den Dirigent ofsoen ...
headphones

2 min

play_arrow
Venant Arend - Ee Réckbléck op 91 Joer Karriär

Venant Arend - Ee Réckbléck op 91 Joer Karriär

Aus dem noe Frëndeskrees gouf den Opus gëschter gewuer, datt de Lëtzebuerger Tenor Venant Arend den 8. August am Alter vun 91 Joer gestuerwen ass. Ee Réckbléck
headphones

9 min

play_arrow
220. Doudesdag vum Michael Haydn | © Lithographie vum Adrien Louis Lecocq / gallica.bnf.fr / Bibliothèque nationale de France

220. Doudesdag vum Michael Haydn

Haut am Schiet vu sengem grousse Brudder, mee zu senger Zäit bekannt an aflossräich
headphones

3 min

play_arrow
Mat bestoende Wierker a KI per Klick zum neien Hit? - Ouni d'GEMA! | © Pexels

Mat bestoende Wierker a KI per Klick zum neien Hit? - Ouni d'GEMA!

D'US-Firma an App Suno dierf bestoend Hits net ouni Accord notzen. Rezent goufen Tester gemaach, bei deenen erauskoum, datt KI-generéiert Hits verdächteg änlech zum Original waren
headphones

2 min

play_arrow
Eng Kompositioun iwwer 639 Joer! - Tounwiessel zu Halberstadt | © Pixabay

Eng Kompositioun iwwer 639 Joer! - Tounwiessel zu Halberstadt

Dem John Cage säin "As Slow ass Possible" ass eng Uergelkompositioun, déi 639 Joer laang dauert. Beim längste Museksstéck vun der Welt gouf et gëschter no 2,5 Joer en Tounwiessel.
headphones

3 min

play_arrow
KI bei de Festspiller: Applaus fir d’Musek, d’Biller ginn ausgepaff | © Pixabay

KI bei de Festspiller: Applaus fir d’Musek, d’Biller ginn ausgepaff

Zum 150. Jubiläum vum "Ring des Nibelungen" wollt Bayreuth mat Kënschtlecher Intelligenz Neies woen. Dëst koum beim Public awer net gutt un.
headphones

4 min

play_arrow
72 Stonnen Trombonnemusek um Stéck - ee Weltrekord? | © Pixabay

72 Stonnen Trombonnemusek um Stéck - ee Weltrekord?

Déi evangelesch Trombonnechéier aus Bayern hunn an der Jakobskierch zu Nürnberg 72 Stonne um Stéck gespillt.
headphones

4 min

play_arrow
"Wilhelm Tell": Véier Stonne Befreiungskampf | © gallica.bnf.fr / Bibliothèque nationale de France

"Wilhelm Tell": Véier Stonne Befreiungskampf

Den 3. August 1829 war d'Uropféierung vun der leschter Oper vum Gioachino Rossini.
headphones

3 min

play_arrow
Yachten am Kennedy Center? | © Mike Stoll / Unsplash

Yachten am Kennedy Center?

Een Trump-Vertrauten dreemt vu Yachten a Valentino am Kulturzentrum.
headphones

2 min

play_arrow
Dem Wonnerkand seng Schwëster | © Albertina, Éisträich

Dem Wonnerkand seng Schwëster

D'Maria Anna Mozart war genee esou talentéiert wéi hire Brudder – duerft awer keng Musekerin ginn.
headphones

3 min

play_arrow
Réckbléck - De "Papp vum Sirtaki" wier haut 101 Joer al ginn | © Pixabay

Réckbléck - De "Papp vum Sirtaki" wier haut 101 Joer al ginn

De Mikis Theodorakis steet an der Musek fir de Museksgenre Sirtaki. An der Politik fir Gerechtegkeet. Mee wien war de weltbekannte Museker?
headphones

4 min

play_arrow
Fotografie op Klassesche Concerte sief geléiert! | © Pexels

Fotografie op Klassesche Concerte sief geléiert!

Ee Besuch am Concertssall bleift an Erënnerung. Och duerch d'Event-Fotoen. Mee ass Iech scho mol opgefall, datt een d'Fotografe praktesch ni wärend dem Concert bemierkt?
headphones

3 min

play_arrow
"Frou, stolz an einfach nëmmen dankbar" -  d'Monnerecher Musek um WMC dobäi | © Quell: Monnerecher Musek / Facebook

"Frou, stolz an einfach nëmmen dankbar" - d'Monnerecher Musek um WMC dobäi

D'Harmonie Monnerech ass eng vun insgesamt zwou Museken aus dem Land déi sech fir de World Music Contest qualifizéiert hunn. Mat 91,44 Punkten ass eng 4.Plaz erauskomm.
headphones

2 min

play_arrow
Bayreuther Festspiller - zukünfteg Produktioune verléinen oder verkafen | © Pixabay

Bayreuther Festspiller - zukünfteg Produktioune verléinen oder verkafen

D'Cheffin vun de Bayreuther Festspiller, d'Katharina Wagner, wëllt d'Konzept "méi nohalteg denken" an zukünfteg Produktiounen un aner Haiser verléinen oder verkafen.
headphones

2 min

play_arrow
Moselmusikfestival 2026 - Klassik ronderëm d'Muselregioun | © www.moselmusikfestival.de

Moselmusikfestival 2026 - Klassik ronderëm d'Muselregioun

Um Moselmusikfestival kritt een dëst Joer ronn 40 Concerte vu Juli bis Oktober gebueden, déi anengems op eng Visitt an déi schéi Géigende vun eiser Grenzregioun invitéieren.
headphones

3 min

play_arrow
300 Mini-Mozarten zu Salzburg | © Wolfgang Lienbacher

300 Mini-Mozarten zu Salzburg

Fir den 270. Gebuertsdag vum W.A. Mozart, huet de Sculpteur Ottmar Hörl kleng gëlle Figuren entworf – mat dobäi: Dem Mozart säi Mupp!
headphones

2 min

play_arrow