Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.
D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Nei Doku iwwer d'Yuja Wang
D'Regisseurin Lorna Tucker erméiglecht e Bléck hanner d'Kulissen vun enger Weltkarriär.
7.900 Nolauschter:innen pro Dag um Opus
Merci fir d'Nolauschteren! 7.900 Nolauschterinnen a Nolauschterer am Dag - esou vill Leit erreecht den Opus.
Fir d’Klassik- a Kinosfans: Stradivari-Film an den däitsche Kinoen
Véier seele Stradivari-Instrumenter fir ee Concert zesummebréngen - kléngt einfach, mee d’Museker selwer mussen och zesummefannen ...
210 Figure geklaut – Mozart Expo geet méi fréi wéi geplangt op een Enn
Dat war wuel ee “Satz mit X”... D’Salzburger Expo vum Ottmar Hörl mat e puer honnert Mini-Mozarten am Mirabellegaart muss méi fréi wéi geplangt zougemaach ginn.
Pianist ersetzt Solist an Dirigent bannent Stonne spontan um Concert
Fir ee Concert bei de Weilburger Schlosskonzerte soll de Pianist Frank Dupree spontan fir de Solist asprangen. Mee kuerz virum Optrëtt muss dunn och nach den Dirigent ofsoen ...
Venant Arend - Ee Réckbléck op 91 Joer Karriär
Aus dem noe Frëndeskrees gouf den Opus gëschter gewuer, datt de Lëtzebuerger Tenor Venant Arend den 8. August am Alter vun 91 Joer gestuerwen ass. Ee Réckbléck
220. Doudesdag vum Michael Haydn
Haut am Schiet vu sengem grousse Brudder, mee zu senger Zäit bekannt an aflossräich
Mat bestoende Wierker a KI per Klick zum neien Hit? - Ouni d'GEMA!
D'US-Firma an App Suno dierf bestoend Hits net ouni Accord notzen. Rezent goufen Tester gemaach, bei deenen erauskoum, datt KI-generéiert Hits verdächteg änlech zum Original waren
Eng Kompositioun iwwer 639 Joer! - Tounwiessel zu Halberstadt
Dem John Cage säin "As Slow ass Possible" ass eng Uergelkompositioun, déi 639 Joer laang dauert. Beim längste Museksstéck vun der Welt gouf et gëschter no 2,5 Joer en Tounwiessel.
KI bei de Festspiller: Applaus fir d’Musek, d’Biller ginn ausgepaff
Zum 150. Jubiläum vum "Ring des Nibelungen" wollt Bayreuth mat Kënschtlecher Intelligenz Neies woen. Dëst koum beim Public awer net gutt un.
72 Stonnen Trombonnemusek um Stéck - ee Weltrekord?
Déi evangelesch Trombonnechéier aus Bayern hunn an der Jakobskierch zu Nürnberg 72 Stonne um Stéck gespillt.
"Wilhelm Tell": Véier Stonne Befreiungskampf
Den 3. August 1829 war d'Uropféierung vun der leschter Oper vum Gioachino Rossini.
Yachten am Kennedy Center?
Een Trump-Vertrauten dreemt vu Yachten a Valentino am Kulturzentrum.
Dem Wonnerkand seng Schwëster
D'Maria Anna Mozart war genee esou talentéiert wéi hire Brudder – duerft awer keng Musekerin ginn.
Réckbléck - De "Papp vum Sirtaki" wier haut 101 Joer al ginn
De Mikis Theodorakis steet an der Musek fir de Museksgenre Sirtaki. An der Politik fir Gerechtegkeet. Mee wien war de weltbekannte Museker?
Fotografie op Klassesche Concerte sief geléiert!
Ee Besuch am Concertssall bleift an Erënnerung. Och duerch d'Event-Fotoen. Mee ass Iech scho mol opgefall, datt een d'Fotografe praktesch ni wärend dem Concert bemierkt?
"Frou, stolz an einfach nëmmen dankbar" - d'Monnerecher Musek um WMC dobäi
D'Harmonie Monnerech ass eng vun insgesamt zwou Museken aus dem Land déi sech fir de World Music Contest qualifizéiert hunn. Mat 91,44 Punkten ass eng 4.Plaz erauskomm.
Bayreuther Festspiller - zukünfteg Produktioune verléinen oder verkafen
D'Cheffin vun de Bayreuther Festspiller, d'Katharina Wagner, wëllt d'Konzept "méi nohalteg denken" an zukünfteg Produktiounen un aner Haiser verléinen oder verkafen.
Moselmusikfestival 2026 - Klassik ronderëm d'Muselregioun
Um Moselmusikfestival kritt een dëst Joer ronn 40 Concerte vu Juli bis Oktober gebueden, déi anengems op eng Visitt an déi schéi Géigende vun eiser Grenzregioun invitéieren.