Dëse Sonndeg, de 6. September, kënnt dir um Opus ab 11 Auer ee Live-Concert genéissen, bei deem et musikalesch an den Olymp geet. Vum Claude Debussy senger "Prélude à l'après-midi d'un faune" iwwer dem Maurice Ravel säi Pianosconcerto a Sol Majeur an déi zwou Suiten aus "Daphnis et Chloé", steet de Klang am Vierdergrond. Mol mat spueneschem Flair, mol mat meditative Melodien, verspillte Kontraster a waarme Summermomenter.
D'Gabi Szarvas vum SR Kultur an de Lex Kauffmann vum Opus ginn dir déi néideg Impulser mat op de Wee fir datt s du dech vum fantasievolle Klang matrappe loosse kanns.
Um Concert spillen de Solist Javier Perianes an den Orchester vun der Deutsche Radio Philharmonie, ënner der Leedung vum Dirigent Josep Pons.