Den Opus elo op DAB+!

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

DAB+ (Digital Audio Broadcasting Plus) ass den internationale Standard fir den digitale Radio. Vun elo u gëtt et den DAB+ och zu Lëtzebuerg. Dëst erméiglecht eng méi eng grouss Offer u Radiosenderen a bitt e méi stabillen Empfang an eng besser Tounqualitéit wéi den FM. Grad fir déi Klassesch Musek ass den DAB+ domat eng gutt Optioun. Probéier et aus!


Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn en DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien) oder en Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut.

Stell däi Gerät op den DAB+-Modus a sich no de verfügbare Senderen. Wiel dann an der Lëscht den Opus 100,7 aus.


Keen DAB+? Kee Problem!

Erlief Klassik iwwerall mat der App vum Opus, engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker an entdeck de vollen Emfang vun eiser Mediathéik. Do fënns du dee Concert, dee grad an deng Stëmmung passt, d’Live-Show Harmonesche Moien fir nozelauschteren, Podcasten an Interviewen a Gespréicher ronderëm déi klassesch Musek. Hei kanns du d’App downloaden:

Siich no "Opus 100,7" am:

- App Store ( fir IOS)

- Google Play Store ( fir Android)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Zwischen großer Lebendigkeit und meditativer Ruhe" | © Pixabay

"Zwischen großer Lebendigkeit und meditativer Ruhe"

Am Kader vun de Music Days Vianden fënnt den 30. Oktober e Concert statt, deen d’Stëmmung vun der Zäit ëm den Hierscht musikalesch opgräift: “Musiques funèbres”.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass | © Elliot Kontz

Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass

D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
headphones

4 min

play_arrow
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival | © Michelle Liesch/Opus

Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival

De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
headphones

5 min

play_arrow
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie | © Véronique Kolber

Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie

De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
headphones

6 min

play_arrow
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht | © Quintette Magnifica

Blechbléiser treffen op Gesangskonscht

De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.
headphones

4 min

play_arrow
Klaidi Sahatçi a Christoph König: eng musikalesch Frëndschaft | © Park Daejoon Photography

Klaidi Sahatçi a Christoph König: eng musikalesch Frëndschaft

E Konzertmeeschter an e Chefdirigent maache Kammermusek
headphones

4 min

play_arrow
Spiller mat Wierder a mat Hänn am Conservatoire | © Conservatoire Ville de Luxembourg

Spiller mat Wierder a mat Hänn am Conservatoire

E Concert mat 3 Pianistinnen, engem Pianist an zwou Schauspillerinnen
headphones

4 min

play_arrow
"Wir haben noch nie in dieser Kombination Kammermusik gespielt." | © Pixabay

"Wir haben noch nie in dieser Kombination Kammermusik gespielt."

Mat "Jeux de timbres" spillen d'Kammerata Luxembourg um Buerglënster Festival ee Concert, an deem si Flütt, Cor anglais a Gittar matenee kombinéieren.
headphones

5 min

play_arrow
Rising Stars: Concert des Lauréats vum Stater Conservatoire | © Hilary Scott

Rising Stars: Concert des Lauréats vum Stater Conservatoire

Véier jonk Laureaten aus dem Stater Conservatoire stinn zesumme mam OCL op der Bün. Als Gaaschtdirigentin ass déi polnesch Dirigentin Agata Zajac invitéiert.
headphones

6 min

play_arrow
"Peer Gynt": Erzielconcert fir Kanner am CAPE | © Oceana Kaell/Opus

"Peer Gynt": Erzielconcert fir Kanner am CAPE

An enger Produktioun vun der Joëlle Wiseler begéine Kanner vun 2 bis 5 Joer dem Peer Gynt, deen a senge Geschichte gären emol flunkert ...
headphones

7 min

play_arrow
Eng live Zäitrees duerch d'Evolutioun vun der Flütt

Eng live Zäitrees duerch d'Evolutioun vun der Flütt

Wéi huet d'Flütt sech tëschent dem 17. an 21. Joerhonnert weiderentwéckelt? D'Flüttistin Flavia Hirte weist eis d'Ënnerscheeder mat enger Live-Interpretatioun am Harmonesche Moien.
headphones

23 min

play_arrow
Tolo & Scoia: nei Kreatioun vun Toile Si-Re | © Toile Si-Re

Tolo & Scoia: nei Kreatioun vun Toile Si-Re

Den Duo Toile Si-Re verbënnt Musek, Figurentheater a Live-Zeechnung an engem Spektakel fir Grouss a Kleng.
headphones

4 min

play_arrow
"Red Rocks": Uropféierung vun der neier Kompositioun vum Pierre Kremer | © Michelle Liesch/Opus

"Red Rocks": Uropféierung vun der neier Kompositioun vum Pierre Kremer

Den 18. Oktober, am Kader vun de Journées européennes du patrimoine, gëtt dem Pierre Kremer seng nei Kompositioun uropgefouert.
headphones

6 min

play_arrow
Neie véierhännegen Album: Dancing Waters | © Martin Teschner

Neie véierhännegen Album: Dancing Waters

De Lëtzebuerger Pianist Romain Nosbaum an de rumänesche Pianist Florin Mantale hu fir dëst Joer eng zweet Opnam erausbruecht.
headphones

5 min

play_arrow
Klarinettisten a Geiiste gesicht! | © Opus/Jo Diseviscourt

Klarinettisten a Geiiste gesicht!

E Forscherteam vum Institute of Musicology and Arts vun der Uni Lëtzebuerg analyséiert mat Sensore kierperlech Impulser bei Instrumentalisten, dat am Kader vum SAMuSe-Projet.
headphones

5 min

play_arrow
Alles a Beweegung: "Alter Ego in Motion" vum Andreas Mader | © Andrej Grilc

Alles a Beweegung: "Alter Ego in Motion" vum Andreas Mader

Am Kader vum Echter'Classic Festival presentéiert de Saxophonist Andreas Mader den 10. Oktober säi Projet "Alter Ego in Motion", wou hien ë. a. mat sengem eegene Schiet musizéiert.
headphones

5 min

play_arrow
An engem Otemzoch | © Alfonso Salgueiro

An engem Otemzoch

Den 11. Oktober um 11 Auer gëtt et e weidere Concert-apéritif an der Philharmonie. Um Programm sti Bléiserquintetter vu manner bekannte Komponisten.
headphones

4 min

play_arrow
Duo Kiasma presentéiert Debut-Album "Polaris" live um Opus

Duo Kiasma presentéiert Debut-Album "Polaris" live um Opus

Mat Akkordeon an Cello ass den Duo Kiasma net just besonnesch opgestallt, mee och schonn 10 Joer aktiv. Firwat elo een Debut-Album a wéi dee live kléngt? Iwwerzeeg dech selwer!
headphones

30 min

play_arrow
Paul Kayser beim Uergelfestival zu Diddeleng dobäi | © Opus

Paul Kayser beim Uergelfestival zu Diddeleng dobäi

Bei engem Concert de 6. Oktober an der Diddelenger Kierch spillt de Lëtzebuerger Organist Paul Kayser e Programm, deen sech ëm de Bach an ëm d'Improvisatioun dréint.
headphones

5 min

play_arrow
"Kaitsenko": Uropféierung vun der neier Kompositioun vum Kerry Turner | © Michelle Liesch/Opus

"Kaitsenko": Uropféierung vun der neier Kompositioun vum Kerry Turner

Den 12. Oktober fënnt an der Philharmonie e Concert surprise mat de Solistes Européens, Luxembourg statt, wou ë. a. en neit Stéck vum Kerry Turner uropgefouert gëtt.
headphones

5 min

play_arrow