Fréier ëmstridden, haut gefeiert als Meilesteen um Wee an déi musikalesch Modern: dem Gustav Mahler seng 2. Sinfonie, och "Auferstehungssymphonie" genannt. E Wierk vun den Extremer, net nëmme wat déi opulent Besetzung ugeet, mee och de Kompositiounsopbau tëschent den Theeme vun der Apokalyps an dem Glawen un eng besser Welt. Mir iwwerdroen e Concert vun de Wiener Philharmoniker vun de Salzburger Festspiele 2026. Verstäerkt gëtt dësen Top-Orchester duerch d'Solistinnen Ying Fang (Sopran) an Nadezhda Karyazina (Alt) an de Wiener Singverein. D'Leedung huet den international gefeierten Dirigent Gustavo Dudamel.
Programm:
Gustav Mahler (1813-1883): Sinfonie Nr.2 "Auferstehungssymphonie"
Interpreten:
Wiener Philharmoniker
Wiener Singverein
Ying Fang (Sopran)
Nadezhda Karyazina (Alt)
Gustavo Dudamel (Dir.)