Beethoven – Zelianko: Déi véiert Sinfonie an de véierte Pianosconcerto vum Wiener Klassiker, gekoppelt mat enger Klangwelt ausserhalb vun eisem Sonnesystem. D’Lëtzebuerger Philharmoniker spillen d’Uropféierung “Exo-Landscape”. Nieft der Lëtzebuerger Komponistin Tatsiana Zelianko stinn zwou weider jonk Musekerinnen am Fokus. D’Pianistin Elisabeth Brauss an d’Dirigentin Ustina Dubitsky.
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto Nr. 4 a Sol Majeur
Tatsiana Zelianko: Exolandscapes (Uropféierung)
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr. 4 a SI bémol Majeur
Interpreten
Elisabeth Brauss, Piano
Lëtzebuerger Philharmoniker
Ustina Dubitsky, Direktioun
Dëse Concert gouf den 13. November 2025 am CAPE zu Ettelbréck opgeholl.