Wat hunn en éisträichesche Komponist, deen 1911 gestuerwen ass an e russesch-däitsche Komponist, deen 1934, also 23 Joer nom Doud vum éischt genannte Komponist op d’Welt koum, gemeinsam? Ma si hunn zesummen e Pianosquartett geschriwwen! An deen héiert dir an dësem Concert vun der Kammerata Luxembourg, an deem sech am Fong alles ëm Collaboratiounen dréit. Den Alfred Schnittke huet dem Gustav Mahler säi Pianosquartett ergänzt. Den Arnold Schönberg huet dem Gustav Mahler säi Lidderzyklus iwwerschafft an den Anton Webern huet dem Arnold Schönberg seng Kammersymphonie arrangéiert. A wéi all dës Wierker an all dës Komponisten zesummepassen a virun allem kléngen, dat héiert Dir an dësem Concert vun der Kammerata Luxembourg.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert, deen d’Kammerata Luxembourg den 19. Abrëll 2026 zu Ettelbréck am CAPE gespillt huet, an dee vum Opus opgeholl gouf. Dës Opnam ass nach bis den 21. Juli fir Iech disponibel.
Programm:
Gustav Mahler (1860-1911)/ Alfred Schnittke (1934-1998): Klavierquartett
Gustav Mahler: Lieder eines fahrenden Gesellen (arr. Arnold Schönberg)
Arnold Schönberg: Kammersymphonie (arr. Anton Webern)
Interpreten:
Michel de Souza, Bariton
Sandrine Cantoreggi, Gei
Isabel van Grysperre, Gei
Susanne Martens, Braatsch
Cyprien Keiser, Cello
Choul-Won Pyun, Kontrabass
Markus Brönnimann, Flütt
Max Mausen, Klarinett
Béatrice Rauchs, Piano
Daniel Gruselle, Akkordeon
Berti Böhm, Perkussioun