Déi jonk franséisch Dirigentin Marie Jacquot zesumme mat dem Deutschen Sinfonieorchester Berlin presentéiert nei Entdeckungen. Komponéiert sinn dës Stécker vun der Kanadierin Vivian Fung an der Amy Beach. Der Amy Beach hier Gaelic Symphony Op. 32 war déi éischt Symphonie vun enger Komponistin aus Nordamerika. Hieren Erfolleg steet bis haut sinnbildlech fir d'Emanzipatioun vun der Musek vu Komponistinnen. Mat um Programm: dem Dvořák säi Geieconcerto a La Mineur Op.53 gespillt vun der japanescher Stargeiistin Midori - live aus der Philharmonie Berlin.
Programm:
Vivian Fung: Earworms
Antonin Dvořák: Geieconcerto a La Mineur Op.53
Amy Beach: Gaelic Symphony a Mi Mineur Op.32
Interpreten:
Midori, Gei
Deutsches Sinfonieorchester Berlin
Marie Jacquuot, Dirigent