Klima

déi gréng fuerdere Spezialkommissioun fir Klimakris fir méi e breede Bléck ze kréien

déi gréng wëlle sech fir d’Schafe vun enger Spezialkommissioun fir d’Klimakris asetzen. Dat huet d’Sensibilité politique haut op hirer Rentrées-Pressekonferenz ugekënnegt. D’nächst Woch géing och d’Motioun dozou an der Chamber deposéiert ginn.

auto_stories

2 min

© Luca Di Santolo
(Foto: Luca Di Santolo)

Zil vun där Spezialkommissioun wier et, déi verschidde Beräicher, déi vum Klimawandel beaflosst ginn, an hire gemeinsame Kontext ze setzen, erkläert de gréngen Deputéierte Meris Sehovic.

"Mir wëllen eng parlamentaresch Spezialkommissioun, déi sech net just mat engem eenzelnen Aspekt vun der Klimakris beschäftegt, mee déi grouss Zesummenhäng an de Bléck hëlt. Well haut gi Froe vum Klimaschutz, vun der Gesondheet, vun der Landwirtschaft, vum Wunnengsbau a verschiddene parlamentaresche Kommissiounen traitéiert."

Dat wier gutt esou, mee de Bléck op dat Grousst Ganzt géif dobäi ze kuerz kommen. 

"Wéi eng Konsequenzen hunn déi, huet déi Hëtzt fir d'Aarbechtsgesetzgeebung? Wéi musse mir eis Bauregelen upassen, fir datt eist Gebai och an Zukunft nach liewenswäert bleiwen? Wéi kënne mir eis Waasserressourcen an eis Natur besser schützen? A wéi stelle mir sécher, datt déi Leit, déi déi mannste Méiglechkeeten hunn, sech selwer schütze kënnen an net op der Streck bleiwen?"

Bei der selwechter Geleeënheet hu sech déi gréng fir een neit Agrargesetz ausgeschwat, dat d’Landwirtschaft méi resilient géint de Klimawandel mécht an och méi nohalteg.

Ausserdeem gouf d’Josée Lorsché als nei gréng Deputéiert virgestallt. Si léist d’Joëlle Welfringer fir des Chamberrentrée of.