National

Demo virun der Chamber: "Lëtzebuerg muss seng Emissiounen drastesch reduzéieren"

"Et brennt! Nach ëmmer!" Ënner deem Motto hunn de Mëtteg Vertrieder vum Klimakollektiv am dem Votum Klima virun der Rentrée Parlemantaire vun der Chamber um Krautmaart d'Regierung dozou opgefuerdert hir Klimapolitik unzepassen. Dofir hu si zwou konkreet Fuerderunge gestallt.

auto_stories

2 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

D’Organisatioune Votum Klima a KliKo, hate Bamstämm op de Krautmaart transportéiert, déi am Summer wärend der Canicule zu Konsdrëf am Bësch verbrannt waren. D'Manifestanten haten Damp inzenéiert. Si hunn d’Deputéiert dozou opgefuerdert d’Efforte fir de Klimaschutz ze verstäerken an d’Canicule net ze vergiessen, wéi ënner anerem de Gauthier Hansel vu Greenpeace sot.

"Notre message, c'est vraiment que les députés ne laissent pas finalement les leçons de cet été partir en fumée. On attend d'eux qui travaillent à la fois sur l'atténuation et sur l'adaptation."

No engem Summer, wou ee ganz däitlech d'Auswierkunge vum Klimawiessel -och zu Lëtzebuerg - gespuert hätt, misst d'Regierung ënner anerem drastesch d'Zäregasemissiounen zu Lëtzebuerg reduzéieren.

Dat duerch e séiert Erausklammen aus Äerdgas a Pëtrol. Domat och verbonnen och den Tanktourismus, deen d'CO2-Bilanz vum Land massiv belaaschte géif. 

Dofir misst een och de Wee op déi erneierbar Energien acceleréieren, méi energieschounend sanéieren an den ëffentlechen Transport ausbauen. Dat andeems een d'Laascht éischter op grouss Pollueure géif leeën, wéi op d'Stéit. 

D'Land un déi nei Realitéiten upassen

Iwwerdeems misst ee Lëtzebuerg besser un de Klima vun haut an an Zukunft upassen, esou nach de KliKo an de Votum Klima. Dofir wier beispillsweis en ausgeschafften Hëtztplang néideg.