D'Labour-Partei erlieft een Opschwong. Deen ass awer manner staark, wéi et sech duerch de Wiessel vun der Spëtzt erwaart gouf. Analytiker no ass dat éischter een Zeechen dofir, datt deen Opschwong vun Dauer ass.
EU nees zum Partner maachen
D'Wirtschaft bleift trotz Opschwong déi gréisst Erausfuerderung fir den Andy Burnham. Se wiisst zwar mee just schwaach.
An engem Mount soll de Finanzminister de Budget virstellen. Un dee gëllt d'Erwaardung esouwuel déi ëffentlech Ausgaben ze reduzéieren wéi awer och d'Liewesnrealitéite vun de Britten ze verbesseren.
De Premier Burnham wëllt iwwerdeems nees méi enk Relatioune mat der EU opbauen.