Gewalttäteg Siidler géife sech doduerch ënnerstëtzt fillen. Am léifsten hätt den DP-Ausseminister, datt den israeelesche Premierminister hie géif zur Rechenschaft stellen an dat condamnéieren.
De Xavier Bettel weist sech traureg driwwer, datt d’EU-Ausseministere sech am Juni net driwwer eens gi ware fir de Ben Gvir ze sanktionéieren. Hie selwer bleift der Meenung, datt Sanktioune sollte geholl ginn. An et misst een och déi politesch Dynamik an Israel am A behalen, dëst am Kontext vum Walkampf. Et riskéieren dowéinst méi extremistesch Aussoen ze kommen.
Hien hofft op jidde Fall, datt dee Walkampf net nach méi Eskalatioun bréngt.