Israel

Lëtzebuerg ass och dofir nei Siidlungsprojeten am Westjordanland falen ze loossen

Siwe Staate maachen een Appell un Israel fir een neien ëmstriddene Siidlungsprojet fir d‘Westjordanland zeréckzehuelen. Mat deem Projet géif de Fridden aktuell verhënnert, an den internationalen Image vun Israel géif beschiedegt ginn, esou d‘Warnung an deem Appell.

auto_stories

1 min

© EPA/ATEF SAFADI
(Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Den Appell gouf vun Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Holland, Norwegen an och Kanada lancéiert.

Israel huet wëlles, eng 1.200 Logementer a Westjordanland ze bauen. Mat deem Lotissement géif d‘Westjordanland an zwee geschnidde ginn. Et géifen zwou palästinensesch Communautéiten, eng am Süden an eng am Norden, ginn. Den Oste vu Jerusalem wier nach méi vum Rescht vun der Palästinenser isoléiert, ewéi et elo schonn de Fall ass. 

Lëtzebuerg schléisst sech un

Lëtzebuerg gehéiert net zu deene siwe Länner, verlaangt awer dat selwecht.

Op eis Nofro hin heescht et vum Ausseministère, Lëtzebuerg géif sech zesumme mat sengen EU-Partner fir e Fridden an eng zwee-Staaten-Léisung am Noen Osten asetzen. Weider heescht et, déi entspriechend Ausschreiwunge vun der israeelescher Regierung sollten zréckgezunn, den Ausbauprojet vu Kolonië gestoppt an déi fir Gewalt responsabel jüddesch Siidler zur Rechenschaft gezu ginn

Den Ausseministère betount och, datt israeelesch Siidlungen an de besate palästinensesche Gebidder no internationalem Recht illegal wären.