Nexus-Konferenz um Kierchbierg

Onkloer, ob méigleche Lien zur israeelescher Arméi vun der Regierung iwwerpréift gouf

Den Ausseminister Xavier Bettel äntwert net op d’Fro, ob iwwerpréift gouf, ob déi israeelesch Entreprisen, déi op der KI-an Tech Konferenz Nexus rezent hei um Kierchbierg waren, ee Lien mat der israeelescher Arméi oder dem Sécherheetsapparat hunn.

auto_stories

1 min

De lénken Deptuéierten David Wagner wollt vum Ausseminister wëssen, ob d’Regierung am Virfeld vun der Konferenz verifizéiert hätt, ob déi concernéiert Entreprisen u méigleche Verletzunge vum internationale Recht bedeelegt wieren.

Aus der Äntwert vum Ausseminister geet just ervir, datt iwwerpréift gi wier, datt d‘Entreprisen aus de „viséierten technologesche Beräicher“ kéimen, net awer ob eventuell weider Iwwerpréiwunge gemaach goufe vu Regierungssäit.

Wat eventuell ekonomesch Aktivitéiten an de besate palästinensesche Gebidder ugeet, schreift de Xavier Bettel, datt de Lëtzebuerger Büro zu Tel Aviv den Optrag gehat hätt fir opzepassen, datt d‘Entreprisë keng Geschäftsadress an de besate palästinensesche Gebidder hätten.

Wärend an no der NEXUS-Konferenz gouf et Kritik dorun, datt israeelesch Entreprisen iwwerhaapt op d'Konferenz invitéiert waren.