Fussball

Wope kopéiert? US Berdorf/Consdorf suergt mat neiem Logo fir Opreegung

Net schlecht gestaunt huet wuel den een oder aneren, wéi en den neie Logo vun der Union Sportive Berdorf/Consdorf 01 gesinn huet. De Fussballclub huet dee virun e puer Deeg op Facebook presentéiert. Dobäi handelt et sech bal ëm eng 1 zu 1 Kopie vun engem weltbekannte Wopen.

auto_stories

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D'US Berdorf/Consorf feiert dëst Joer 25 Joer. An deem Kader huet de Veräin aus dem Osten en neie Logo presentéiert. Net nëmmen am Weltfussball, mee och op lokalem Niveau mëttlerweil näischt Aussergewéinleches méi.

Eenzegen Hoken: Den neie Logo ass quasi eng exakt Kopie vum Wope vum FC Valencia. E Logo, dat opgrond vun der markanter Fliedermaus relativ bekannt ass.

Fliedermais um Terrain als Inspiratioun

Op Nofro hin huet de President vum Club, de Jacques Dummong, gesot, et géing domat zesummenhänken, datt owes um Terrain ëmmer Fliedermais géinge ronderëmfléien.

© US Berdorf/Consdorf a Valencia CF
(Foto: US Berdorf/Consdorf a Valencia CF)

Am Facebook-Post vum Club heescht et iwwerdeems:

"Mir hunn d'Séil, d'Wäerter an d'Faarwen, déi eis definéieren, behalen, wärend mir eisem Emblem eng nei Energie ginn, méi modern a méi no vir geriicht. Well e Logo ass net nëmmen eng Zeechnung. Et sinn 25 Joer Passioun. 25 Joer Stolz."

Opfälleg ass awer, datt ausser d'Form vum Wopen näischt geännert huet. Faarwen a Schrëft bleiwen onverännert.

Änlechkeete mat bekannte Wopen näischt Neies

Datt Fussball-Wope vu Lëtzebuerger Veräiner staark Änlechkeete mat bekannte Logoen opweisen ass näischt Neies. Bekannt Beispiller sinn den RM Hamm Benfica, d'AS Luxembourg Porto oder nach Sporting Stengefort, déi sech jeeweils un hire portugisesche Virbiller "inspiréiert" hunn.

Ee Lien, deen awer duerchaus Sënn mécht, wann een d'Relatioun tëschent deene Clibb an der portugisescher Communautéit hei am Land kennt.

Egal oder illegal?

Valencia CF ass als aktiv EU-Mark agedroen. Deementspriechend gëtt et eng EUIPO-Markeregistratioun (European Union Intellectual Property Office).

Bei Marke kuckt d’EUIPO, ob charakteristesch oder eenzegaarteg Elementer vum urspréngleche Logo erhale bleiwen oder net. Och liicht Ännerungen, Ergänzungen oder Saachen, déi fortgelooss ginn, kënnen als problematesch ugesi ginn. 

Allerdéngs entscheet d’EUIPO net doriwwer, wat urhiewerechtlech geschützt ass, a wat net. Ob also e Bréif vun engem spueneschen Affekot de Wee op Bäerdref fënnt, bleift ze gesinn.