Plattformaarbecht

Wolt: “D'Majoritéit vun eise Livreuren zitt et vir, als Independanten ze schaffen”

Nom Streik vun de Livreuren den 12. Juni huet Wolt versicht, déi Betraffen ze kontaktéieren, fir méi iwwer hir Uleies gewuer ze ginn, dat seet de Christian Kemmhauk, Spriecher vu Wolt Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

© EPA/KIMMO BRANDT
(Foto: EPA/KIMMO BRANDT)

Well een net an engem reegelméissegem Austausch wier, wier dat awer net evident.

Ënner anerem vun de Gewerkschafte gëtt ëmmer nees gefuerdert, datt d’Livreuren net als Independantë sollte gëllen, well se doduerch Ausbeutung ausgesat wieren.

Wolt Lëtzebuerg wëllt op Flexibilitéit setzen

Wann d’Livreuren an Zukunft sollten als Salariéeë gëllen, géif ee sech dodrun upassen, esou de Christian Kemmhauk, Spriecher vu Wolt Lëtzebuerg. Ganz zefridde wier een domat awer net.

“Wann dat elo de Wee wär, deen déi lëtzebuergesch Regierung géif virschreiwen, da géife mer warscheinlech eng Léisung fannen. Dofir sinn ech zouversiichtlech, datt mir eis un déi Reglementatioun upasse kënnen, déi schlussendlech festgehal gëtt. Wéi ech awer scho gesot hunn, zitt d'Majoritéit vun eise Livreuren et vir, als onofhängeg Independanten ze schaffen, wéinst der Flexibilitéit, déi dat mat sech bréngt. Wa mir Leit géifen astellen, da misste mer mat Schichtpläng schaffen, et géif méi Qualitéitskontrolle ginn, an et kéint och méi schwéier ginn, iwwerhaapt un esou eng Aarbecht ze kommen.”

Den Aarbechtsministère schafft de Moment un enger Ëmsetzung vun der EU-Plattformdirektiv, déi de Livreuren e gesetzlechen Aarbechtskader soll ginn. 

Onzefridde Gewerkschaften

Eng Entrevue tëschent OGBL an LCGB mat Wolt e Mëttwoch, fir iwwer d’Situatioun vun de Livreuren ze schwätzen, haten d’Gewerkschaften als onproduktiv bezeechent. Op keng vun de konkrete Froen zur Situatioun vun de Livreuren hätt een adäquat Äntwerte kritt, hat et geheescht.

Lauschtert hei déi ganz Reaktioun vum Spriecher vu Wolt Lëtzebuerg, an d'Positioun vu senger Entreprise an der Diskussioun iwwer d'Plattformaarbecht.