Plattformaarbechter

OGBL: D'Reunioun mat Vertrieder vu Wolt wier eng "Enttäuschung" gewiescht

D'Entrevue tëschent de Vertrieder vun der Liwwerplattform Wolt an de Gewerkschaften OGBL an LCGB war aberuff ginn, nodeems virun zwou Wochen d'Livreure wéinst enger Tarifreduzéierung gestreikt haten. Den David Angel vum OGBL schwätzt no der Reunioun vun enger Enttäuschung.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Maxim Konankov play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Maxim Konankov)

D'Treffe vun haut hätt schonn denkbar schlecht ugefaangen, well d'Vetrieder vu Wolt keng Representante vun de Livreuren dobäi wollten hunn, seet den David Angel. 

Wolt wëllt wuel vun de Problemer näischt wëssen

An der Entrevue selwer hätt Wolt gesot, et woer een iwwer kee vun de Problemer au courant - sief et Sous-traitanten oder illegal Aarbechtspraktiken. Dat Onwësse wëllt den David Angel der Entreprise net ofkafen. 

“Wolt ass eng multinationale Grupp, deen an enger ganzer Rei vu Länner ronderëm d'Welt operéiert, deen elo och säit 2024 hei zu Lëtzebuerg ugesidelt ass. Wann déi Leit net wëssen, wéi hire Business fonctionéiert, wéi hir Firma fonctionéiert, da si se op der falscher Plaz, dann hu se manifestement e Problem."

An der Reunioun hätten d'Vertrieder gesot, et géif een all Form vun illegale Praktike condamnéieren.

"Si soen (...) mir condamnéieren, datt do Leit bei de Flüchtlingsweieren ofgeworbe ginn, datt d'Leit illegal schaffen, datt d'Schwaarzaarbecht gemaach gëtt, condamnéiere mer. Dann hu mir gesot, mee wat maacht Der dann dogéint? Da konnte se eis net dorobber äntwerten. Also et war ganz kloer, si wollten eis keng Äntwerte ginn.”

Et hätt een als Resultat just zeréckbehalen, datt Wolt sech géif bei de Gewerkschafte mellen, wann een Äntwerten op hir Froen hätt. 

Lauschterenplay_arrow