Donieft sinn awer och Faillitte liicht geklommen, geet aus dem Joresrapport vum Wirtschaftsministère ervir.
De Gros vun de Societéiten, déi 2025 nei gegrënnt goufen, kommen aus dem Beräich vum Commerce. Dat mat eppes iwwer 5.000 neie Betriber. Mee och bal 2.000 nei Handwierksbetriber kruten eng Autorisatioun d’établissement.
Handwierksbetriber am Beräich Konstruktioun
Opfälleg wier, datt de gréissten Deel hei am Beräich vun der Konstruktioun ugesidelt wier. Engem Secteur, dee jo bekanntlech zënter Joren an der Kris stécht.
"An deem Segment Métiers de la construction et de l'habitat sinn eeben 170 Persounen, déi den Entretien vun de Gebaier maachen an Hausmeeschteren dran."
D’Hausse am Handwierk wier ënner anerem op d’Reform vum Droit d’établissement am Joer 2023 zeréckzeféieren, mengt de Wirtschaftsminister Lex Delles.
"Dat wéinst der Introduktioun vun der neier Lëscht C. Fir Handwierksberuffer, ënner déi eeben de Portier oder och de Fotograf fält, hei brauch ee keng Meeschterprüfungen oder Ausbildung méi, fir sech kënne selbstänneg ze maachen."
Nieft der Hausse ënner anerem am Handwierk, ass gläichzäiteg och d’Zuel vun de Faillitten eropgaangen, ëm 3 Prozent par Rapport zum Virjoer. Knapps 850 Entreprisen hätten zejoert faillite gemaach, heescht et am Rapport.
Autorisatiounsprozesser solle verkierzt ginn
Eng Reform vum d’Droit d’établissement soll et an Zukunft méi einfach maachen, sech no enger Faillite nees nei ze lancéieren, wéi de Lex Delles erkläert.
"Dee Seuil fir datt een ënner dem 2023er Gesetz kann eng 'nouvelle Chance' kréien, dee war op 1 Prozent. Déi Seuile ginn elo eropgesat. Ech kann elo, wann ech eng Faillite sur aveu maachen, 25 Prozent vun deene Montanten, déi iwwer déi lescht fënnef Joer zeréckbezuelt gi sinn, nach als Schold hunn. An ech kann trotzdeem eng Autorisatioun kréien."
Donieft schafft d’Regierung weider drun, d'Prozesser fir eng Autorisatioun unzefroen, ze verkierzen. Beaarbechtungsdauer vun engem Dossier läit den Ament bei ronn sechs Deeg – praktesch d’selwecht wéi am leschte Rapport.