Italien-USA

Wéinst engem Tëleesinterview sinn d'Relatiounen tëschent den USA an Italien ofgekillt

Et ginn diplomatesch Spannungen tëschent den USA an Italien. D‘Ursaach ass en Interview vum US-President Donald Trump bei enger italieenescher Tëleeschaîne. Hien huet do behaapt, déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni hätt hien um G7-Sommet ugebiedelt, eng Foto mat him dierfen ze maachen.

auto_stories

1 min

© EPA/YOAN VALAT / POOL
(Foto: EPA/YOAN VALAT / POOL)

Si hätt him leed gedoen, an dofir hätt hien agewëllegt. 

Meloni reagéiert

Déi italieenesch Premierministesch huet an engem Instagram-Video schaarf reagéiert. Dem US-President seng Ausso wier fräi erfonnt sot si. Iwwerdeems wier et kloer, datt weder si, nach Italien jee em iergend eppes géife biedelen. D'Giorgia Meloni wéisst net, firwat den Donald Trump sech esou par Rapport zu Alliéierte behëlt.

Aus Protest huet den italieeneschen Ausseminister Antonio Tajani seng geplangte Visite an d‘USA d‘nächst Woch ofgesot.

D'Giorgia Meloni huet laang als Bréckebauerin tëschent den USA an Europa gegollt, bis si sech am Sträit vum Donald Trump mam Poopst Leo XIV. um Poopst seng Säit gestallt hat.