Frankräich

Hëtztwell: D'Mortalitéit a Frankräich ass ëm bal 30%, an der Belsch ëm 39% geklommen

An der Belsch ass d'Mortalitéit wärend der Canicule d'lescht Woch ëm 39 Prozent geklommen. D'Hëtztwell a Frankräich huet iwwer 2.000 Mënschen zousäzlech d'Liewe kascht. D'Mortalitéit ass domat ëm bal 30 Prozent an d'Luucht gaangen.

auto_stories

1 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

An der Haaptstad Paräis war et esouguer ee Plus vun 62 Prozent.

Den Autoritéiten no wieren des Zuelen eng niddereg Schätzung, well nëmmen déi digital Stierfzertifikaten erfaasst goufen. Déi reell Zuelen dierften deemno däitlech méi héich leien.