Wéinst dem defekte Funk, konnt de Pilot säin Tippfeeler och net erklären.
D'Entféierungssignal huet dofir gesuergt, datt d'Boeing vum kroatesche Loftraum aus vu Militärfligere begleet ginn ass. D'Police hätt séier reagéiert gehat, a wier op dee schlëmmste Fall virbereet gewiescht, esou e Spriecher vun der däitscher Police.
Pilot war de Feeler net opgefall
Dem Pilot wier de Feeler ugangs och net bewosst gewiescht. Wou een dunn awer bal dee ganze Fluch vu Militärmaschinnen eskortéiert gi war, wier ëm de Feeler opgefall. Ermëttlunge géint de Pilot ginn et den Ament keng, well hie wahrscheinlech net mat Absicht gehandelt hätt.