D'Decisioun iwwer den Zouschlag huet de portugisesche Staat getraff.
Deen hält och d'Majoritéit vun de Parten un der Fluchgesellschaft. D'Tap (Transportes Aéreos Portugueses) huet méi wéi 100 Fligeren a ronn 9.400 Salariéen.
D'Tap ass fir Portugal besonnesch wichteg, well se d'Land mat direkte Flich a Südamerika - virun allem Brasilien - verbënnt.
Vente ass nach net ganz an dréchenen Dicher
Och wann de portugisesche Staat der Lufthansa säin Accord ginn huet, heescht dat nach net, datt de Verkaf ganz ofgeschloss ass. D'EU-Kommissioun muss nach hire "Go" ginn.
Dat kéint bis zu zwee Joer daueren. Deemno kéint en endgültegen Ofschloss vum Geschäft erréicht 2028 erreecht ginn.