Däitschland

D'SPD-Aarbechtsministesch Bas trëtt zeréck - Alexander Schweitzer gëtt neie Minister

De Récktrëtt ass iwwerraschend: An engem Schreiwes erkläert déi däitsch Aarbechtsministesch, datt si zerécktrëtt, well si Zäit bréicht fir den Doud vun hirer Stéifduechter ze verschaffen. Och ëffentlech Attacke vun hirem Koalitiounspartner CDU hätten zu hirer Decisioun bäigedroen, esou d'Bärbel Bas.

auto_stories

1 min

Déi däitsch Aarbechtsministerin Bärbel Bas vun der sPD. | © picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto
Déi däitsch Aarbechtsministerin Bärbel Bas vun der sPD. (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

De fréieren SPD-Ministerpresident aus Rheinland-Pfalz, den Alexander Schweitzer, soll d'Spëtzt vum Aarbechtsministère iwwerhuelen. 

Perséinlech Grënn an ëffentlech Attacken als Grënn 

"Well ech den Ament d'Kraaft net hunn, kuerzfristeg meng Regierungs- a Parteiaarbecht am vollem Emfang auszeüben, hunn ech mech dozou entscheed, béid Posten néierzeleeën", schreift d'SPD-Chefin. Dobäi géifen ëffentlech Attacke kommen, "och aus de Reie vum Koalitiounspartner", esou d'Bärbel Bas. 

Dowéinst hätt si dem Co-Chef a Vizekanzler Lars Klingbeil iwwer hire Schrëtt informéiert, an de Bundeskanzler Friedrich Merz gebieden, si als Ministesch ze entloossen. 

Hiert Mandat am Bundestag behält d'Bärbel Bas awer weiderhin.