Landwirtschaft

Feierbakterie grouss Iwwerraschung fir Wënzer - Betraffe Planze musse verbrannt ginn

Et wier een net drop virbereet gewiescht, datt d’Bakterie Xylella fastidiosa, déi sougenannt Feierbakterie, d’Wéngerten zu Lëtzebuerg géif befalen, sot de President vun de Wënzer. Déi betraffe Planze mussen elo verbrannt ginn, erkläert d'Landwirtschaftsministesch.

auto_stories

3 min

Wäiriewen op der Musel  | © picture alliance / Zoonar | Berit Kessler
Wäiriewen op der Musel (Foto: picture alliance / Zoonar | Berit Kessler)

Nodeems de Befall bekannt ginn ass, goufe Stéchprouwe gemaach. Bei de ronn 140 Analysen op der Musel sinn der dräi positiv ausgefall, seet d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) am 100,7-Interview. Déi missten elo erausgehaen an op der Plaz verbrannt ginn. 

Momentan wier nach ëmmer onkloer wéi dës Krankheet, déi normalerweis éischter a südleche Länner opkënnt, zu Lëtzebuerg konnt optauchen. A Fro kéime beispillsweis Olivebeem. 

Entschiedegunge fir Wënzer sinn ugeduecht

Well d’Feierbakterie e Quarantäneschädling ass, wieren d’Richtlinne ganz kloer. Elo misst een alleguerten d’Wiertsplanzen eraushaen, wat net nëmme Riewe betrëfft. Duerno soll am Ëmkrees vun 2,5 Kilometer e verstäerkte Monitoring gemaach ginn.

Fir déi betraffe Wënzer sinn Entschiedegungen ugeduecht, decidéiert ass awer nach näischt.

De Paul Funck, President vum Lëtzebuerger Wënzerverband, bezeechent den Ausbroch vun der Feierbakterie éischter als grouss Iwwerraschung. Et hätt een zwar schonn eppes dovun héieren, wäit verbreet wier dat Phenomeen an eise Géigenden awer net. 

"Natierlech héiert ee mol esou Saachen och aus dem Ausland, wann een do matkritt, datt esou eppes do ënnerwee ass, mee well en an den nërdleche Länner bis elo net ënnerwee ass, mengen ech net, datt vill vun eise Wënzer do eppes wossten."

Dorop virbereet, datt esou eppes elo och hei zu Lëtzebuerg sollt optauchen, wier een deementspriechend net gewiescht, esou nach de President vum Lëtzebuerger Wënzerverband.

D’Feierbakterie betrëfft net nëmme Wéngerten

Et wier och kee Problem, dee just op de Wäibau limitéiert wier. Och bei Olivebeem oder Oleander hätt een déi Bakterie scho beobacht.

"Et gi ganz vill Wiertsplanzen an dat mécht déi Bekämpfung warscheinlech méi schwiereg. Da musse mir kucken, wann do alles duerchsicht gëtt, wéi eng Planze befall sinn a wéi eng net an da probéieren déi méiglech Quellen all auszeläschen."

Duerch d’Isolatioun vun de Planze géif een hoffen, d’Saach relativ séier ënner Kontroll ze kréien, esou nach de Paul Funcken.

Fortmaache vu Wéngerte sinn net ze verhënneren

Den Institut Vitivinicol wier den éischten Uspriechpartner fir d’Wënzer an deen hätt och scho seng Recommandatioun erausginn.

"Déi Wéngerte wäerten ausgehae ginn, gerodet ginn. Do wäerten eventuell nach déi eng oder aner Bekämpfung misse gemaach gi virdrun. Mee dat wäert seou séier wéi méiglech elo geschéien."

Den Ament sinn dräi Parzellen zu Lëtzebuerg betraff. Déi Situatioun kéint d’Wënzer och nervös maachen, seet de Paul Funck. Besonnesch well et zimmlech onbekannt wier.

Dobäi kéim nach, datt déi lescht Lies zwar qualitativ gutt gewiescht wier – bei der Quantitéit awer éischter geréng.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Paul Funck