Wënzer

Feierbakterie an dräi Wéngerten op der Musel: Kee Risiko fir Leit, Déieren a Wäin

Betraff wier eng Fläch vun am Ganzen 2,35 Hektar an de Gemenge Mäertert a Gréiwemaacher, deelt de Landwirtschaftsministère mat. Well dës Bakterie Planzen zerstéiere kann, mussen an den dräi Wéngerten all d‘Riewen ewech geholl ginn.

auto_stories

1 min

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Duerch d'Infektioun mat der sougenannter Feierbakterie kënnen déi betraffe Planzen verwielegen. Et gëtt aktuell keng Méiglechkeet, fir d'Plaze vun der Bakterie fräi ze kréien, schreift de Ministère. 

Ministère kënnegt finanziell Hëllef un

D'Wënzer solle finanziell entschiedegt ginn. Detailer géifen nach mat de betraffene Wënzer beschwat ginn.

De Ministère betount: Et géif kee Risiko fir d'Leit an Déiere ginn, an de Wäin wier och net betraff.

Och an aneren europäesche Länner gëtt een Ausbroch vun der Feierbakterie gemellt. Betraff ass virun allem Spuenien, ronderëm Madrid, a Portugal an der Algarve. Och do goufe Mesuren en place gesat an e weideren Ausbroch agedämmt.