Landwirtschaft

50 EKABE-Bauere bei Luxlait: Prolek optimistesch a 4 Joer de Kontrakt ze verlängeren

Nodeems gëschter bekannt ginn ass, datt 50 vun den EKABE-Baueren an Zukunft un d’Luxlait liwweren, ass de President vun der Genossenschaft Prolek optimistesch, datt de Kontrakt mat der Luxlait no véier Joer verlängert gëtt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | MICHAEL BIHLMAYER  Special instructions
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | MICHAEL BIHLMAYER Special instructions)

Am 100,7-Interview huet hie gesot, et géifen nach Etude gemaach gi fir ganze Member bei der Luxlait ze ginn. Hien huet drop verwisen, datt d‘Baueren och bei der EKABE ëmmer nëmme Kontrakter fir véier Joer gehat hätten.

Prolek elo gestäerkt

Datt net jidderee vun den 68 fréieren EKABE-Bauere mat bei d‘Luxlait geet, hätt senger Meenung no keng Auswierkungen op den Zesummeschloss vun der Prolek, esou de Vic Wirtz, President vun der Genossenschaft. 

"D'Prolek bleift bestoen an ass guer net geschwächt, voir éischter gestäerkt. A mir wäerten déi véier Joer, wou mir e Kontrakt mat Luxlait gemaach hunn, eis Fonctiounen nach ëmmer iwwerhuelen, datt mir eis Produzente verteidegen a kucken, datt si déi bescht méiglech Konditiounen hunn."

Datt net all concernéiert Betriiber de Wiessel bei d’Luxlait matmaachen, huet hien ënner anerem domat begrënnt, datt verschidde Betriber schonn ëmmer an zwou Molkereie geliwwert hätten, an no dem EKABE-Aus ganz bei déi zweet Molkerei gewiesselt sinn.