Lokal

Vermësste Bouf vun néng Joer nees erëmfonnt - Parquet schléisst Strofdot aus

D'Kand war géint 16:00 Auer mëttes vermësst gemellt ginn. No ronn sechs Stonnen an enger grousser Sichaktioun huet d'Police kuerz virun 22:00 Auer gëschter Owend matgedeelt, datt de Bouf gesond a monter erëmfonnt gouf. 

auto_stories

1 min

© Flickr
(Foto: Flickr)

Am Moment géif och ausgeschloss ginn, datt eng drëtt Persoun um Verschwanne bedeelegt war. Et géifen och keng Indicë fir eng Strofdot ginn. Dat huet de Parquet matgedeelt.

Bei der Sichaktioun waren nieft der Police - mat Buedemtrupp an Helikopter - och eng Hondsstaffel vun der Croix-Rouge esou wéi Taucher am Asaz, déi am Iechternacher Séi nom Jong gesicht hunn.

Hie war um Sonndeg de Mëtteg géint 16:00 Auer fir d'lescht an der Géigend vum Séi gesi ginn.