Lokal

Plan canicule vun der Gemeng Déifferdeng: Bis elo huet nach keen d'Offer genotzt

Fir déi éischte Kéier setzt d’Stad Déifferdeng bei der aktueller Hëtzt op en eegene Canicule-Noutfallplang. Deen trëtt automatesch a Kraaft, wa MeteoLux eng orange Alerte ausrifft. E klimatiséierte Raum mat Gedrénks, Fautelen a Wifi gëtt der lokaler Bevëlkerung zur Verfügung gestallt.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Summer | © Adobe Stock play_arrow
Summer (Foto: Adobe Stock)

Wéinst der Hëtztwell an der Alert orange fir de Süde vum Land ass am Sportzenter John Scheuren zu Uewerkuer e klimatiséierte Raum op, an deem d’Leit sech wärend de wäermste Stonne vum Dag ofkille kënnen.

Bis zu 100 Leit kënne sech hei gläichzäiteg ophalen. Besonnesch vulnerabel Persoune sollen esou besser virun der Hëtzt geschützt ginn. 

Transport dohinner an nees Heem 

Schonn um 11:00 Auer moies waren et déck iwwer 30 Grad dobaussen. Hei bannen am Sall John Scheuren sinn et der just knapp iwwer 20 Grad. Also kill, awer och net esou kal, datt een en Temperaturschock kritt, wann een an d’Buvette vum Sportzenter erakënnt.

Et gëtt frëscht Waasser, Internet an d’Méiglechkeet, säin Handy opzelueden. Och op d’mannst ee Mataarbechter vun der Gemeng ass permanent op der Plaz.

Op deem éischten Dag vun dëser oranger Alerte hunn nach keng Leit dës Offer an Usproch geholl, mee gutt 100 Leit hätten awer hei op den extra Fotellen a Still Plaz. Eng Première fir d’Stad Déifferdeng.

Solidaritéit an der Noperschaft 

D’Offer riicht sech an éischter Linn u vulnerabel Leit, déi sech doheem net genuch virun der Hëtzt schütze kënnen. Wëllkomm wier awer jiddereen, esou de Buergermeeschter Guy Altmeisch. Et misst ee sech op ëmmer méi Hëtztwelle preparéieren.

"Ech mengen, mir waren eis als Gemeng bewosst, datt mir e Klimachangement virun der Dier stoen hunn, an datt mir de Klimachangement am Alldag jo scho begéinen."

Wie selwer net bis an de Sportszenter kënnt, ka sech bei der Gemeng mellen a gëtt doheem ofgeholl. Bis lo ass et fir dës Transport-Offer awer nach keng Demande ginn. Den LSAP-Buergermeeschter hofft donieft op d’Solidaritéit vun de Bierger:innen. Nopere kéinten hei beispillsweis och hëllefen. 

"Wa si wëssen, wou eeler Leit wunnen, fir datt ee sech och als Noper soll bëssen ëm déi këmmeren."

Grad esou wier et och eng Responsabilitéit vun der Gemeng fir sech ëm déi Leit ze kënnen, déi ee Besoin hu bei esou groussen Hëtztperioden.

D'Informatiounscampagne leeft

Informéiert gouf virun allem iwwer déi Sozial Medien, d’Press an de Kommunikatiounskanäl vun der Gemeng. Beim Service Senior Plus ginn et Lëschte mat Persounen, déi als vulnerabel gëllen, erkläert de Luc Arend vum Service innovation.

Eng systematesch perséinlech Kontaktopnam zum Beispill per Telefon gëtt et den Ament awer net. Datt trotzdeem Leit duerch de Raster fale kënnen, kéint d’Gemeng awer net ausschléissen, mengt de Luc Arend.

„Mir wëssen net, wien alles ënnert engem Daach lieft, wou et immens waarm ass, wou et isoléiert ass. Dat sinn Informatiounen, déi mir net hunn.“

Datt haut nach kee laanscht koum, kéint och un der Vakanzenzäit leien, esou nach d’Aschätzung vum Buergermeeschter. 

Sollt sech awer weisen, datt d’Offer staark genotzt gëtt, wëllt d’Gemeng de System ausbauen an eventuell och a weidere Quartiere gekillte Räim zur Verfügung stellen, seet de Buergermeeschter Guy Altmeisch.

“Et ass en Ufank. Et ass ausbaufäeg an et ass upassungsfäeg no de Besoine vun de Leit."

Wann d'Offer Succès huet, da kéinte "selon les besoins" nach Räim zu Nidderkuer a Lasauvage amenagéiert ginn, esou nach de Politiker. No dëser Hëtztperiod géif eng Evaluatioun gemaach ginn.

D’Buvette vum Sportzenter John Scheuren ass wärend enger oranger Alerte all Dag vun 11:00 Auer moies bis 19:00 Auer owes op.

Lauschterenplay_arrow