CGDIS

Tëschefall zu House bei der Sportshal: Eichenprozessionsspinner war wuel d'Ursaach

Gëschter am spéiden Nomëtteg gouf et gréisser Opreegung bei der Sportshal zu Housen. D'Rettungsekippe waren do geruff ginn, nodeems Betraffener een Ausschlag entwéckelt hunn, dee gebass huet. Elo koum d'Confirmatioun, datt et sech ëm Gëft vum Eichenprozessionsspinner gehandelt huet.

auto_stories

1 min

© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

Den CSV-Buergermeeschter vu Parc Housen, de Romain Wester, confirméiert am 100,7-Interview d'Informatioun, déi wort.lu de Moie gemellt huet. 

"D'Ursaach vun där Situatioun vu gëschter Owend ass och schonn detektéiert ginn, net am Gebai, mee ausserhalb vum Gebai. Mir sinn hei an der Natur an op deenen Naturspillplaze si sougenannten Näschter vum Eichenprozessiounsspinner fonnt ginn."

Näschter solle fortgemaach ginn

Op där Spillplaz hätten d'Kanner och gespillt. 

"An déi gëtt och elo zougemaach ronderëm. Dat heescht, mir spären de Moment e gréissere Perimeter of. An zesumme mat der ANF ass elo festgehale ginn, datt eng spezialiséiert Firma déi Näschter ewechhuele kënnt, an datt d'Gefor a dann domadder och schonn erëm gebannt ass."

Den Eichenprozessionsspinner ass net nei zu Lëtzebuerg. An de leschte Summere goufen et ëmmer nees offiziell Warnunge wa festgestallt gouf, datt méi Näschter vun de Raupen do waren. Hir Vermehrung gëtt duerch Dréchent an héich Temperature begënschtegt.