Police warnt virun neiem Trick

Onéierleche gëtt sech als Livreur aus a klaut Bankkaart

D‘Police warnt virun engem neien Trick: Virun e puer Deeg hat e Mann sech zu Rulljen an der Gemeng Wolz als e Livreur ausginn an dobäi eng Kreditkaart geklaut.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

De Mann hat bei enger Fra un der Dier geschellt a gesot, hie géif e Pak liwweren Dofir misst si awer eng Taxe bezuelen. 

Wéi d‘Fra hir Bankkaart un en Apparat, deen de Mann dobäi hat, gehalen huet an de Code aginn huet, huet si duerno, onbemierkt eng aner Kaart zeréckkritt. Mat der Fra hirer Kaart goufen duerno zu Wolz op engem Bankomat Suen opgehuewen.

D‘Police huet de Pak an dat wat dra war séchergestallt. Et leeft eng Enquête.