No der Hëtztwell

Ze waarm Klassesäll: Stad Lëtzebuerg wëllt sech e Plan canicule ginn

Schoulfräi wéinst Hëtzt: Wat fir vill Schüler:innen op den éischte Bléck wéi en Dram kléngt, war a Wierklechkeet guer net agreabel. D'Schoulen hunn d'lescht Woch ënner der Hëtzt gelidden. Dat soll an Zukunft besser ginn, versprécht de Stater Schoulschäffe Paul Galles.

auto_stories

6 min

headphones

13 min

De Paul Galles | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Paul Galles (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot de 24.06 virun der Press um City Breakfast, datt d’Stad Lëtzebuerg gréng genuch wier. Op RTL huet si du verschidden Aussoen nees relativiséiert an e Begréngungskonzept ugekënnegt.

Lydie Polfer gouf "falsch verstanen"

Ugeschwat op déi Diskussioun, sot den CSV-Schäffe Paul Galles am 100,7-Interview, hie géif mengen, d’Buergermeeschtesch wier falsch verstane ginn. Hier wier ënnerstallt ginn, si géif mengen, datt een elo net méi vill misst maachen. 

De Schäfferot hätt awer tatsächlech e Begréngungskonzept fir déi ganz Stad.

Zu Erënnerung: Beim City Breakfast war d’Lydie Polfer op Plaze wéi d’Place de l’Etoile an d’Place de Paris, déi bei den héijen Temperature staark ophëtzen, ugeschwat a gefrot ginn, ob zousätzlech Mesure geplangt wieren, respektiv ob d’Stad eng Strategie hätt, fir sech fir déi kommend Joren zum Beispill mat weidere Beplanzungen unzepassen.

D’Buergermeeschtesch hat doropshi geäntwert, datt op der Stäreplaz vill Gréngs wier a si huet op vill flott Terrassen, zum Beispill op der Place d’Armes, wou d’Beem Schied spenden, verwisen. Dëst wier och op der Paräisser Plaz deelweis de Fall.

Si huet erkläert, datt d’Paräisser Plaz nom Wonsch vun de Bierger ëmgestalt gi wier an datt do jo och e Waasserspill installéiert gi wier.

"Kënnen net iwwerall Bësch hunn", esou d'Lydie Polfer

Des Weideren hat d’Buergermeeschtesch d’Iddi opgeworf fir sougenannte “Brumisateuren”, also Maschinnen, déi Waasserniwwel an der Loft verdeelen, op Terrassen ze installéieren, wéi et se schonn a Frankräich géif ginn.

Weider Ännerunge wieren an deem Sënn geplangt, datt d’Stad op groussen Evenementer gratis Waasser géif zur Verfügung stellen. Dat wiere scho wichteg Mesuren. Bei esou Events, wéi dem City Sounds, géif een awer eben och gesinn, datt ee grouss Plaze wéi de Glacis brauch, fir eben esou Evenementer wéi Concerten an d’Schueberfouer ze organiséieren.

“Mir kënnen net iwwerall Bësch hunn”, esou d’Buergermeeschtesch de 24. Juni virun der Press. D’Hallschent vun der Stad wier gréng an et bräicht een och esou Plazen.

Schliisslech hat si op ronn 30.000 zousätzlech Beem, déi bis 2030 um Territoire vun der Stad geplangt wieren, verwisen. E Projet, deen 2024 lancéiert gi war. Weider Mesuren, wéi e Begréngungskonzept fir eng urbanistesch Klima-Upassung, hat d’Buergermeeschtesch net ernimmt.

Et hätt ee scho villes gemaach, seet de Paul Galles.

“An dëser Mandatsperiod hu mir wëlles, 30.000 Beem ze planzen. 14.000 si scho geplanzt.”

D’Begréngungskonzept wier scho länger an der Maach a géing och spezifesch Mesurë fir spezifesch Quartiere virgesinn, esou den CSV-Deputéierten.

De Problem vun de grousse Plazen

Bei gréissere Plaze wéi dem Knuedler oder der Paräisser Plaz wier et schwéier, Beem ze planzen, wéinst der Infrastruktur, déi ënner deene Plaze läit. Mee op der Uewerfläch kéint een awer eppes maachen, beispillsweis mat Backen, seet de Paul Galles.

E weidere Problem bei grousse Plazen ass d’Tatsaach, datt do dacks Manifestatiounen organiséiert ginn. Misst ee generell d’Organisatioun vun esou Evenementer net iwwerdenken, wann d’Hëtzt ëmmer méi eng Roll spillt?

De Paul Galles mengt, datt dat eng fundamental Diskussioun kéint ginn. Hien nennt d’Beispill vun der Schueberfouer.

“Ech mengen, datt et richteg ass ze soen, datt mir Plaz brauche fir Evenementer. Mee do kann ee Kompromësser sichen. Ech mengen och net, datt de Schäfferot sech där Diskussioun verschléisst.”

Schoulhäff solle méi gréng ginn

De Ressort vum Paul Galles als Stater Schäffe sinn d’Schoulen an d’Foyeren. Déi stoungen an de leschten Deeg virun allem am Fokus.

Och déi gro Bëtongsschoulhäff solle méi gréng ginn, betount de Paul Galles.

“Schoule sollen eng Plaz sinn, wou Kanner spillen a sech erhuele kënnen. Mir hunn e Plan pluriannuel gemaach fir dëst Joer, wou mir Schoulhaff fir Schoulhaff duerchginn. Dat ass vill Aarbecht. Mir hunn eleng eng 50 Gebaier, déi all en Haff hunn. Da kommen nach d’Foyeren dobäi.”

Ass schoulfräi wierklech déi bescht Optioun?

An de Gebaier waren d’Temperaturen d’lescht Woch esou héich, datt mëttwochs a freides mëttes schoulfräi war.

De ganzen Dag schoulfräi ze gi wier keng Optioun gewiescht, seet de Paul Galles, a verweist op d’Aussoe vum Minister Meisch, deen dat als komplizéiert beschriwwen huet. Mee: Aus organisatorescher Siicht wier et wuel méi einfach gewiescht, mengt de Stater Schoulschäffen.

“Wann d’Kanner all an der Schoul si wësse mir, wou si sinn an datt si betreit ginn. Wann een net an der Schoul ass, kann een och op enger Plaz sinn, wou et waarm ass. (...) Dat ass kee Mësstrauen, mee trotzdeem. An d’Eltere misste sech massiv ëmstellen, wann d’Kand doheem ass.”

Plan canicule ass an der Maach

Et sinn e puer Mesurë getraff ginn, fir de Schoulen ze hëllefen. Esou sinn eng 100 Ventilatore verdeelt ginn. Eng Drëps op de waarme Steen?

Jein, mengt de Paul Galles. Et hätt ee gemierkt, datt d’Ventilatoren tatsächlech net duerginn. Net bei Caniculle vun där Envergure.

“Leschte Freideg hat ech eng Reunioun mat der Cellule de crise vun der Stad Lëtzebuerg, fir ze kucken, wéi kann een dat systematesch upake fir der Stad e Plan canicule ze ginn.”

Dës Pläng sinn nach informell, betount de Stater Schäffen an nach net vum Schäfferot accordéiert ginn. Virgesi sinn awer an all Gebai op d’mannst eng “Kälteinsel”. Dat soll also ee Raum sinn, dee gekillt ass. A Containergebaier esouguer zwee bis dräi Stéck.

“Doriwwer eraus vill Mesuren a Méiglechkeeten, wat een als Klass ka maachen, wann et waarm ass. Gitt an de Bësch, mir organiséieren iech och e Bus.”

Nei Schoulgebaier sinn op d'Hëtzt preparéiert

Aktuell gi vill nei Schoulen uechtert d’Land gebaut. De Paul Galles betount, datt déi ganz nei Gebaier gutt géint d’Hëtzt opgestallt wäerte sinn, dat zum Beispill mat Hëllef vu Wäermepompelen, déi reversibel sinn.

Fir méi al Gebaier ëmzerüste géing vill Sue kaschten. Eng Investitioun, déi een en Vue vun der Zukunft awer gewëllt wier ze maachen, léisst de Paul Galles duerchblécken.

Elo am Summer géing als éischt mol d’Temperaturen an den eidele Klassesäll gemooss ginn, fir objektiv Donnéeën ze hunn, un deenen ee sech orientéiere kann, esou nach de Paul Galles.

Lauschterenplay_arrow